Dat huet de Vertrieder vum Parquet e Mëttwoch am fréien Owend a sengem Requisitoire am sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess verlaangt.

Well näischt op der ominéiser CD war, déi de Beschëllegten André Kemmer vum Elektronikspezialist Loris Mariotto kritt hat, hätt een am SREL decidéiert, fir dee Loris Mariotto ofzelauschteren. Dofir hätt awer keng Autorisatioun vum deemolege Premier Jean-Claude Juncker virgeleeën, och wann de fréiere Geheimdéngschtchef Marco Mille dat soe géif.

AUDIO: SREL-Prozess Dag 6 / Rep. Eric Ewald

Mat de Replicke vun den Affekoten op de Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet dierft en Donneschdeg de Moien um Stater Geriicht de sougenannte SREL- oder Frisbee-Prozess op en Enn kommen, een Dag méi fréi wéi erwaart. Um Enn vun deem Requisitoire, deen eppes méi wéi eng Stonn gedauert huet, war e Mëttwoch Owend all Kéiers eng Geldstrof fir déi 3 Ugeklote Marco Mille, Fränk Schneider an André Kemmer gefrot ginn.

Dogéint haten deenen hir Affekoten all Kéiers de Fräisproch vun hire Cliente verlaangt. Als leschten hat den Affekot vum Fränk Schneider e Mëttwoch am Nomëtteg plädéiert an dobäi gemengt, dass de Jean-Claude Juncker an dësem Prozess net hätt kënnen Zeie sinn, well den Ex-Premier eng „personne civilement responsable" wär. Fir de Me Laurent Ries war d'Ecoute op den Elektronikspezialist Loris Mariotto séier wuel autoriséiert, de Jean-Claude Juncker hätt iwwert d'Procédure d'urgence Bescheed gewosst a keng Amnesie.

Et géif sech d'Fro stellen „à qui profite le crime?", spréch wien huet vun dëser Affär profitéiert? Dem Affekot vum Fränk Schneider no hätt deen allzäit näischt mat an där Affär ze dinn, soudass hie sollt fräigesprach ginn.

Dogéint huet de Vertrieder vum Parquet a sengem Requisitoire keng Prisongs-, mä eben eng Geldstrof fir déi 3 Beschëllegt gefuerdert. Fir d'Ecoute op de Loris Mariotto a fir e Gespréich André Kemmer/Mariotto kuerz virdrun hätt et keng Autorisatioun vum Jean-Claude Juncker ginn, entgéint deem, wat den Ex-SREL-Chef Marco Mille behaapte géif. An de wichtege Momenter vum ominéisen Aueregespréich géif den Ex-Staatsminister net „Jo" soen, huet den designéierte Procureur d'État adjoint Jean-Jacques Dolar fonnt.

Affekot fuerdert Fräisproch vum Ugeklote SREL-Agent Kemmer

Um Frisbee-Prozess war et e Mëttwoch un de Plädoyeren.

Fir den ugeklote fréiere SREL-Agent André Kemmer huet deem säin Affekot Pol Urbany ganz einfach Fräisproch op ganzer Linn gefuerdert.

6. Dag vum Frisbee-Prozess / Rep. Nico Graf

Mä ier de Pol Urbany bei sengem Client an deem senger Onschold war, huet hien de Strëppenzéier an dëser Saach benannt: an dat wier eben de Wanzespezialist Loris Mariotto, iwwert dee jo all déi Gerüchter an hallef Wouerechten an d'Welt komm wieren. Deen hätt an dëser Saach kee Recht, datt seng Privatsphär hätt solle geschützt ginn, well hei wier et jo an der prétendu Saach ëmmer ëm déi ëffentlechst Saachen, wann net esouguer ëm eng Staatssaach gaangen. An alles Béises, wat iwwert de Personnage Mariotto bis ewell gesot gi wier, dat géif absolut zoutreffen.

Eriwwer da bei den André Kemmer: Zwee Delikter ginn deem reprochéiert. D'Ecoute op de Mariotto an den Detournement vun Enregistrementer op CD, vun de Frisbeeën. Zwee Mol keng Poursuite sënnvoll an eng Verurteelung scho guer net, seet de Pol Urbany.

An dann hat de Pol Urbany nach eng Propose, wat dat faméist Gespréich tëschent dem Premier Juncker an dem Grand-Duc op der angeblech kryptéierter CD ubelaangt. De Grand-Duc hätt an dëser klenger Bommeleeër-Affär als Zeie viru Geriicht sollen optrieden. Wat eng scabrös Iddi, wann ee bedenkt, wéi de Riichter scho "Protecteur" mam Zeie Juncker ëmgaangen ass.