Den 30. Abrëll gëtt d'Urteel gesprach
D'Affekote vun den 3 Ugekloten am sougenannte Srel- oder Frisbee-Prozess hu sech en Donneschdeg um Geriicht erwaart kritesch gewise mam Requisitoire.
Vum Vertrieder vum Parquet: Deen hat jo Geldstrofe fir de Marco Mille, de Fränk Schneider an den André Kemmer verlaangt.
Deem leschtgenannte säin Affekot sot sech en Donneschdeg souguer schockéiert, vun "falsche Behaaptunge vum Vertrieder vum Parquet":
Deen hätt gesot, dass de Jean-Claude Juncker ëmmer formell kontestéiert hätt, säin Accord ginn ze hunn, fir d'Ecoute op den Elektronikspezialist Loris Mariotto: Dobäi hätt den Ex-Premier dat néierens bestridden, mä wär op deem Punkt ëmmer ausgewach, sou de Me Pol Urbany. De fréiere Staatsminister hätt ni ausgeschloss, d'Autorisatioun dofir ginn ze hunn an de Parquet kéint net beweisen, dass et keng sou eng Autorisatioun gouf. Fir den Affekot vum André Kemmer hätt de SREL nom presuméiert brisante Gespréich tëscht dem Jean-Claude Juncker an dem Grand-Duc Henri misse reagéieren; schliisslech wär een deemools am Kontext vun der Bommeleeër-Affär gewiescht. De Premier hätt och d'Instruktioun ginn, fir déi ominéis CD ze fannen, dat heescht d'Affär seriö geholl.
Den Affekot vum Marco Mille huet sech d'Fro gestallt, wéi e Prozess hei gemaach gi wär, wann déi ganz Affär mam Aueregespréich tëscht sengem Client an dem Jean-Claude Juncker ugoe géif. Villméi géif et ëm d'Ecoute op de Loris Mariotto goen, déi virdru war: "De Parquet ass net am richtegen Dossier!", war d'Konklusioun vum Me Laurent Niedner. Et hätt séier wuel eng Autorisatioun vum Staatsminister fir d'Ecoute op de Loris Mariotto virgeleeën. Den Affekot huet donieft betount, "dass d'Aueregespréich grave war, d'Accord, mä et war eng grave Affär!"
Den Affekot vum Fränk Schneider dann huet bedauert, dass de Requisitoire vum Vertrieder vum Parquet wuel scho virun de Plädoyere vun den Affekote geschriwwe gouf, et géif doran nämlech z.B. keng Äntwert ginn op seng Bemierkungen, sot de Me Laurent Ries. Deen nach gemengt huet, dass ee sech, sollt säi Client net fräigesprach ginn, d'Fro no engem politesche Prozess stelle misst.
D'Urteel ass fir den 30. Abrëll.