Kee Lien tëscht Geheimdéngscht a Bommeleeër

Affär Bommeleeër: Den NATO-Manöver Stay behind war nie operationnel
Et gëtt kee Lien tëscht dem Geheimdéngscht an de Bommeleeër an den NATO-Manöver Stay behind war nie operationnel, dëst sinn d'Conclusiounen aus den zwee Rapporten déi d'Geheimdéngscht-Kontroll-Commissioun um Donneschdeg Mëtteg der Press presentéiert hunn. Déi 4 Fraktiounspresidenten déi an der Commissioun sëtzen wieren an hiere Recherchen vu kengem Abléck blockéiert ginn an si wieren sou wäit wéi nëmme méiglech an den Detail vun hieren Nofuerschunge gaang. De President vun der Commissioun, Charel Goerens ass mat der Aarbecht zefridden. Doriwwerraus, muss d'Enquête anererwäerts virugeféiert ginn.
Erstaunlech wier vill méi wéi wéineg de Geheimdéngscht an d'Enquête iwwert d'Bommeleeër, wat jo eigentlech eng Terroraffär war, matagebonne gi wier och halen all d'Memberen vun der Commissioun dat allgement Mësstrauen an der Gesellschaft deemols an Zäiten vum Kale Krich fest.