Affär Bommeleeër: Den Armand Schockweiler a seng Roll

Am Dossier Bommeleeër gëtt den Ament vill geschafft a net vill geschwat.
D' Enquêteuren concentréiere sech nach ëmmer op d' brigade mobile vun der Gendarmerie aus den 80er Joer.
Mee och héich Gendarmeries-Offizéier si schlecht drun: de Procureur Robert Biever reprochéiert hinne jo, datt si d' Justiz bei der Enquête behënnert hunn.
No der Police-Spëtzt huet dëser Deeg den Armand Schockweiler Problemer ze explizéieren, wat hien an den 80er Joer gemat oder net gemat huet.
Am meeschte gelies