An der Affaire Bommeleeër steet ee Mann ëmmer méi am Focus vun den Enquêteuren a vum grousse Public.

Et ass de fréiere Gendarmerie-Colonel Aloyse Harpes. Den ass haut 79 Joer al an zanter 1988 pensionéiert. Den Aloyse Harpes wor den 2. Oktober 1985 Chef vun der Gendarmerie ginn, 18 Deeg éier d’Bomm um Geriicht explodéiert wor.

RTL Informatiounen no gouf nämlech de fréiere Kommandant vun der Gendarmerie schonn e puer mol vun den Enquêteuren an der Untersuchungsriichter Doris Woltz gehéiert. Et ass net gewosst ob als Zeien oder als Beschëllegten. Do spillt de Secret de l’Instruction. Him gëtt ëmmer méi dacks nogesot hien hätt d’Enquête géint d’Bommeleeër torpédéiert - d’Bommeleeër, déi jo aus der Gendarmerie komm sinn, seet keen aneren wéi de Procureur Robert Biever. Kee Wonner, am Fong, datt deenen hir Kollegen net a Rou géint si Enquêteure gelooss gi sinn.

D'Aarbechtsconditioune fir d'Gendarmen an d'Polizisten an der BL-Enquête ware miserabel.

Se waren opgedeelt an zwee Gruppen. De groupe d' enquête - ofgekierzt GE - souz an der Sûretéit an hat als Chefen de Jean Disewiscourt an den Edouard Hentges. Iwwer hinne stoung den Armand Schockweiler, als Chef vun der Sûretéit.

Nieft den Enquêteure gouf et deen anere Grupp vu Beamten, de groupe d' observation et de recherche - ofgekierzt GOR - dat wier eng émanation de la brigade mobile vun der Gendarmerie gewiescht, schreift d'Police vun der Police, d'IGP, an hirem Rapport iwwer d'Observatioun Ben Geiben, dat heescht am GOR ass vill praktesch um Terrain geschafft ginn, et si Leit observéiert ginn, et si Saachen duerchrecherchéiert ginn - z.b. op rose jonk Baueren d'Bommeleeër wieren, an et si Saachen a Plaze bewaacht ginn, z.b. Pylonen.

De GOR souz iwwer enger Garage vun der aler Gendarmerie um Verluerekascht. Se hate just eng Telefonsleitung an deeër hu se net getraut, sot e fréiere Member aus deem Groupe. Se haten näämlech d'Impressioun, wéi wann hir Chefen - dorënner keen anere wéi de Guy Stebens - si géingen oflauschteren. Well d'Chefen déi hu sech dagsiwwer ni gewisen, wossten awer gutt bescheed. Duerfir hätten d'Memberen aus dem GOR dunn eng kéier ënnereneen, just op deem Telefon, dervu geschwat, si géingen de Bureau vun de Chefe stiermen an, O Wonner, vun deem Gespréich un hunn d'Chefe sech erëm gewisen.

D'Vertrauen tëschent Indianer an Häuptlinge war also béis gestéiert. Dat huet sech och erausgestallt, wéi eng kéier ee vun de Chefe komm ass a gesot huet, Kollegen dir fëllt elo all en Ziedel aus a schreift mer op wou der muer eppes bewaache gitt, wou der muer Kontroll-Toure maache fuert. Dunn hunn d'Leit vum GOR rebelléiert. Well et wor zevill evident: Wann deen Ziedel ausgefëllt gi wier, dann hätten d'Informatioune kënnen un d'BL weidergereecht ginn an dann hätten déi nach méi liicht Spill gehat fir laanscht d'Forces de l'Ordre ze kommen, wéi se et souwisou schonn haten. Well et war eben opgefall, datt et ëmmer do geknuppt huet, wou keen Zaldot, kee Polizist, kee Gendarme, keng Sécuritéit op Wuecht stoung.

De Chef krut gesot, wa mir dat do ausfëllen, da wësse mir muer, wien de BL ass, den Ziedel gouf net ausgefëllt, de Chef huet en zeréckgezunn.

Vun haut aus gesinn wonnert d'Enquêteure vun deemools Absëns och, datt ni Protokolle geschriwwe gi sinn iwwer dat wat am GOR an de seelene grousse Sëtzungen esou geschwat ginn ass.

Domat net genuch mat de Kommunikatiounsproblemer.

Well d'Enquêteuren hei an d'Observateuren do - also de GE an de GOR - déi hunn nieftenee geschafft, net mateneen, se haten sou ze soen ni eng Reunioun zesummen.

Wéi de Colonel Aloyse Harpes dunn um Rudder vun der Gendarmerie war, do wiere carrément Maueren opgeriicht gi tëschent dem GOR an dem GE, schreift d'IGP. Dat heescht - aus wat fir enge Grënn och ëmmer - et huet keen deem aneren dierfte trauen a jiddereen huet gemaach wat hie fir gutt gehalen huet.

Et koum derbäi, datt de Colonel Harpes alles eleng gemaach huet.

D' IGP zitéiert e Gendarme (page 8) :

Toutes les décisions opérationnelles étaient prises par lui seul. De façon autoritaire et absolue, souvent en contradiction avec l'avis du groupe d'enquête. Il ne se voyait pas comme le chef de la Sûreté mais pour lui n'existait que la Gendarmerie dans son ensemble, sans distinction des missions spécifiques des différentes unités.

Am Groupe GOR hate se dowéinst deck Problemer mam Colonel Harpes. Well d'Observateuren an d'Rechercheuren, déi hu sech fir Officiers de Police Judiciaire gehalen, dat heescht si waren der Meenung, si wieren dem Juge d'Instruction ënnerstallt, also der Justiz. De Colonel Harpes awer huet gemengt an duerchgesat, hie wier de Boss, de Chef, de Kommandant, de Khadafi, wéi se hie genannt hunn, an alles misst duerch seng Fanger goen, all Rapport misst fir d'éischt bei hie kommen an dann eréischt un d'Justiz weidergoen.

Alle Berichte gehen an den Kommandanten der Gendarmerie, hat hien de Leit vum GOR matgedeelt, wat am Fong net seng Leit waren, mä déi vun der Justiz. An et gouf dacks genuch dowéinst decke Kaméidi a Membere vum GOR hu sech dowéinst mat dem Colonel engueuléiert. Als Officier de Police Judiciaire si mir gläichgestallt an Du hues mir näischt ze soen, huet ee vun hinnen, sengem Colonel emol eng Kéier un de Kapp geheit.

Am Rapport vun der IGP steet dat alles méi fein, op franséisch:

Il est patent que ces tensions se sont exacerbées lors de l'enquête sur les poseurs de bombes! (page 6)

Aus der vue vun der Justiz kommentéiert de Procureur Robert Biever d'Problemer am Interview mam Forum esou, Stechwuert Naivitéit:

Nachträglich könnte man tatsäch­lich von Naivität sprechen, sie beruhte aber auf dem Umstand, dass den Ermitt­lern und der Justiz wichtige Informa­tionen und Ressourcen von Seiten der damaligen Gendarmerieführung vor­enthalten wurden. Die Justiz interpre­tierte die damaligen Konflikte zwischen Gendarmerieführung und Ermittlern als Auseinandersetzung um Kompetenzen und Zuständigkeiten - als Machtkampf, nicht aber als Versuch, die Ermittlungen als solche zu behindern. Aus der heutigen Sicht war das naiv.

Bis haut weess keen, wat Rapporten de Colonel Harpes weiderginn huet a wat fir net a wat ëmgeännert ginn ass, ier et weidergaang ass. Dem Colonel Harpes seng Tirange waren a si legendär, a vill Gendarme géingen nach haut gär wëssen, wat doranner verschwonnen ass.

A well de Colonel als allmächtegen Lonely Cowboy geschafft huet, wosst och kee firwat Décisioune geholl gi sinn an e puer Deeg méi spéit erëm geännert gi sinn.

E Beispill: d'Geriicht sollt ferm bewaacht ginn. Deen Owend awer, wéi am Konvikt gefeiert ginn ass, wéi Klerus a Gendarme gefeiert hunn, datt beim Poopst-Besuch näischt geschitt war, deen Owend wou d'Bomm um Geriicht explodéiert ass, du hat een den Uerder gi fir d'Wuechten ofzezéien. Beim Geriicht stoung also express deen Owend keng Wuecht. En Zoufall dee kee ka sinn, besonnesch och dowéinst well d'Wuechte beim Musée gesot kritt haten, si dierfte sech net réieren, missten onbedéngt op der Plaz bleiwen. E koppegen Zoufall. Dee misst gekläert ginn.

En zweet Beispill: De fréiere Chef vun der Brigade Mobile Ben Geiben war ee moment lang de Verdächtege Nummer 1, an dunn op eemol net méi, just nom Attentat op d'Geriicht.

Wien hat den Uerder ginn, d'Piste Ben Geiben falen ze loossen?

Dat ass eng Fro ouni Äntwert, mä d'Gendarme Reuland, Stebens, Schockweiler an Absëns Harpes - si missten et wëssen.

Den Armand Schockweiler spillt do och nach eng ganz speziell Roll. Well bei der Observatioun Ben Geiben, déi zu Bréissel lafe sollt, do hat hien de Commando. Den Enquêteur Paul Haan huet déi Observatioun vun Ufank u Bidon fonnt, well de Ben Geiben vu belsche Leit sollt observéiert ginn, déi hie vu senger Ausbildung hier kannt huet. De Paul Haan huet dowéinst och refuséiert de Rapport iwwer déi Observatioun ze schreiwen. Dee rapport huet den Armand Schockweiler selwer geschriwwen, mat vill Verspéidung, 3 Méint duerno, an eréischt nodeems e Juge d'Instruction massiv an insistent nom Rapport gefrot hat. Datt an deem Rapport da guer näischt dra steet, dat passt an d'Bild.

An et hätt een erëm gär Explikatiounen.

Mä bon, mat der Presse schwätzt jo iwwer esou eppes keen a mat der Justiz och net, wéi et schéngt.

Eng quokeleg Situatioun, wou all Suppositioun erlaabt ass, an awer Spekulatioun bleift.

Absëns wat de Colonel Harpes ubelangt bleift d'Impressioun datt hien - op d'mannst - vill weess a net vill seet. De Procureur Robert Biever zitéiert de Colonel. Dee gouf am Dezember 2005 iwwer d'Observatioun Ben Geiben gehéiert an hie liwwert eng Mixtur aus ech wees net, ech wees villes, ech wees näischt, Zitater:

Ich denke, dass Herr SCHOCKWEILER die Untersuchung gegen GEIBEN leitete.

Ich weiss von einer Observation auf GEIBEN, wo ich mich erinnere, dass diese in Bastogne endete.

Als das Attentat auf das Gerichtsgebäude verübt wurde, befand sich GEIBEN in Luxemburg. An diesemAbend weilte er zusammen mit seinem Freund (...) im Hotel Holiday Inn auf Kirchberg, wo GEIBEN auch übernachtete. Er hatte eine Tasche über die Schulter gehängt. Ich bin sicher, dass dies am Abend des Attentates auf das Gericht war. Er wurde auch im Stadtgrund im Café des Artistes gesehen.

Ich kann mich jedoch nicht mehr daran erinnern, wer mir diese Informationen berichtete, bin aber der Ansicht, dass dies Herr SCHOCKWEILER gewesen sein müsste.

Ich weiss lediglich von dieser einzigen Observation auf GEIBEN. Ich weiss auch nicht, wer diese Massnahme durchgeführt hatte.

Genauere Details zu dieser Observation müssten sie jedoch bei SCHOCKWEILER erfragen. Das Fahrzeug, welches GEIBEN benutzte, wurde ihm seitens seines Chefs aus Brüssel ausgeliehen. (...) Auch diese Informationen kann ich nur von Herrn SCHOCKWEILER erhalten haben. Ich hatte keine Kontakte mit dem Service de renseignement.

Et ass evident: do weess ee ganz vill an stellt sech, wéi wann en näischt wéisst. Dat war och dem Premier JCJ opgefall, deen an eiser Émissioun Background sot:

Ech liesen aus deem Bréif, deen den Herr Procureur dem Justizminister geschriwwen huet, dass de Cololonel Harpes muss Kenntnis gehat hu vun deem Obseravtiounsbericht vum Geheimdéngscht. Wat iwweregens weist, datt de Geheimdéngscht deen op demande, wéi et schéngt, vun der Gendarmerie déi Observatioun gemaach huet, ëm déi et geet, dee Rapport jo virugereecht huet, esou dass deen deenen héchste Stelle vun der Gendarmerie zougänglech gemaach gi war ansonsten den Herr Harpes jo net mat Elementer déi just an deem Observatiounsrapport do stinn hätt kënnen bei der Justiz aussoen.

Kennt nach derbäi, datt de Colonel Harpes mat Beförderungen d'Enquête contrecarréiert huet, wéi bestëmmten Enquêteuren - dorënner de Paul Haan - d'Bommeleeër-Affaire am Optrag vum Prosper Klein sollten opschaffen. Zwee vun dréi Enquêteuren hu bannent 14 Deeg Carrière gemaach a ware fort vun der Enquête.

Honni soit qui mal y pense.

Am Resümee muss ee soen, datt dem Colonel Harpes seng Décisiounen an Agissementer d'BL - Enquête ferm behënnert hunn.

De Robert Biever seet dat jo esou:

Die Justiz interpre­tierte die damaligen Konflikte zwischen Gendarmerieführung und Ermittlern als Auseinandersetzung um Kompetenzen und Zuständigkeiten - als Machtkampf, nicht aber als Versuch, die Ermittlungen als solche zu behindern. Aus der heutigen Sicht war das naiv. In meiner Einschätzung liegt in der damaligen Justizbehinderung der Skandal der Affaire.

Dat heescht da wuel: Näischt wat kromm gaang ass wier Zoufall gewiescht, alles wat schief gaang ass wier geplangt gewiescht, an d'Gendarmeries-Spëtzt, déi hätt d'Fiedem gezunn.