De François Colling huet an der .dok-Show e Sonndeg owend op Telé Lëtzebuerg fracassant Aussoen iwert d'Affair Bommeleeër gemaach....

Schonn a senger Zäit als aktive Politiker huet de François Colling méi wéi eemol fir Opregung gesuergt, duerno, wéi hien op den europäesche Rechnungshaff gewiesselt ass huet hien sech an den Aussoen zeréck gehal, missen zeréck halen an e Sonndeg Owend an der .dok-Show beim Maurice Molitor op RTL Telé Lëtzebuerg huet de François Colling erëm zougeschlo.

De François Colling peekt aus!
De François Colling huet an der .dok-Show Aussoen iwert d'Affair Bommeleeër gemaach.

Hie wéisst wien d'Bommeleeër waren, hien hätt et um Internet fonnt sot dee Mann deen an de Jore wéi d'Bomme lass gaang sinn, Fraktiounschef vun der CSV an der Chamber war.

Am Mëttesjournal war hien Invité beim Marc Linster op RTL Radio Lëtzebuerg an huet nachemol Stellung zum Dossier an zu sengen Aussoen geholl.