Affär Bommeleeër: Ben Geiben - Es reicht

Es reicht - dat ass d' Iwwerschrëft vun engem Communiqué, deen de fréiere Grënner vun der Brigade Mobile vun der Gendarmerie Ben Geiben un d'Redaktioune vun der lëtzebuerger Presse geschéckt huet.
De Ben Geiben wiert sech géint d'Verdächtegunge géint hien an der Bommeleeër-Affaire. Déi Verdächtegunge wieren haltlos.
Et sief drun erënnert, datt zanter der Pressekonferenz vum Procureur Robert Biewer vill iwwer d'Observatioun vum Ben Geiben diskutéiert gëtt - eng Observatioun, déi jo aus ongekläerte Grënn schief gäng ass, wéi de 19. Oktober 1985 d' Bomm um Geriicht explodéiert ass.
Radio Lëtzebuerg huet de Ben Geiben um Telefon erreecht.
Am meeschte gelies