No eisem Dossier vun e Méinden iwwer d'Erpresser-Bréiwer vun de Bommeleeër krute mer e sëlleche Reaktiounen, z.B. Iwwerleeungen iwwer den Zuele-Code an deene Bréiwer, mee och praktesch Hëllef.

Esou ass zum Beispill d' Enveloppe vun den Erpresser-Bréiwer bei eis um Redaktiouns -Dësch geland. De Bréif ass de 27. Abrëll 1985 owes um 10 Auer op der Gare an d' Postkëscht geheit ginn. D' CEGEDEL hat en deen aneren Dag am Courrier.

En Dossier vum Nico Graf a Marc Thoma.

Reportage iwwer d'Erpresserbréiwer
D' Enveloppe vun den Erpresser-Bréiwer bei eis um Redaktiouns -Dësch geland