"cherche trefle noir avec voilier" - dat war de bekannten Text, mat deem d'Cegedel Kontakt sollt ophuelen mat de Bommeleeër. Et war um Ufank vun der Attentats-Serie, an eng Zäit laang - bis de 14 juni 1985 - konnt een unhuelen, et géng de Bommeleeër ëm Léisegeld goen: 250 000 Dollar ze éischt, duerno 750 000 Dollar.

Haut awer ass jiddereen dervun iwwerzeegt, et wier de Bommeleeër guer net ëm Geld gang, mee drëms, de Forces de l'ordre ze weisen, datt et mat hierer Force net wäit hier wier.

En Dossier iwwer d' Bréiwer vun de Bommeleeër vum Nico Graf a Marc Thoma.