Affär Bommeleeër: Archiver vum Geheimdéngscht ginn opgemaach

Bommeleeër: D'Archiver vum Geheimdéngscht gi fir déi zoustänneg Chamberkommissioun opgemaach, déi och e Rapport mécht, dat sot e Freideg Mëtten de Premier....
Am Kader vun der Affaire ronderëm d'Bommeleeër huet d'Regierung di parlamentaresch Kontroll-Kommissioun ënnert der Présidence vum DP-Fraktiouns-Chef Charel Goerens mat engem Rapport iwwert d'Aktivitéiten an de Fonctionnement vum Geheim-Déngscht beoptragt.
Dat huet de Premier Jean-Claude Juncker e Freideg de mëtteg annoncéiert. Sämtlech Archiven zanter 1957 ginn duerfir opgemach. De Regierungschef huet nach eemol säi Verdross ausgedréckt, datt d'Bommeleeër an éventuell Hannermänner nach ëmmer fräi sinn. An engems awer séngem Justiz- a Police-Minister Luc Frieden de Réck gestäipt. "De Luc Frieden huet Alles esou gemach, wéi ech dat och gemach hätt", esou de Jean-Claude Juncker, dee sech géint Gespréicher iwwert eng Staats-Crise gewiiert huet. Eng Staats-Crise wir, wann d'Politik einfach géing nokuken a nët op Mëss-Stänn reagéieren.
De Staats-Minister huet och op Allusioune réagéiert, wéi wann Hie Bescheed wéisst, ween dann elo hannert den Attentater stéing.
De Jean-Claude Juncker huet nach eemol vun enger graver Affaire geschwat, déi d'Impressioun géif opkomme loosse, wéi wann d'Politik wéilt eppes verdecken. An dorauser géing sech eng Vertrauens-Crise an de Fonctionnement vum Staat erginn. Duerfir hätt Jidereen Intérêt drunn, datt di Schëlleg an dësem Fall entlarvt ginn.
AUDIO: Extrait-Briefing vum Premier vum 15. Februar 2008