"Ech ännere kee Komma u mengem Bréif un de Justizminister." Dat ass dem Procureur Robert Biever seng Reactioun op dem Pierre Reuland säi Communiqué.

De fréiere Policechef hat sech jo op 7 Säitem Text géint d'Reproche vum Procureur gewiert.
De Pierre Reuland seet, hien hätt wéint der Observatioun Ben Geiben keng Amnesie, hie hätt domat einfach näischt ze di gehat.
Mee ebe just déi Amnésie an « entrave à la justice » a « faux témoignage » reprochéiert de Procureur dem Pierre Reuland och no deem sengem Communiqué nach ëmmer.

RTL Télé Lëtzebuerg Extrait Journal 14.Februar 2008
Affär Bommeleeër: Réactioun vum R. Biever