An der Bommeleeër-Affair steet no der Lecture vun enger Annexe ee Beamte ganz schlecht do: de Jos Steil, den Adjoint vum Pierre Reuland am Joer 1985.

Op de Redactiounsdëscher vun RTL leien déi annexe Dokumenter vum Procureur Robert Biever sengem Bréif un de Justizminister Luc Frieden. Op zwou Säiten zielt en Agent vum Service de Renseignement Verdachtsmomenter géint de Jos Steil op.

Et geet an der Saach ëmmer ëm déi faméis Observatioun vum verdächtege Ben Geiben, de 19. Oktober 1985, wéi um Geriicht d' Bomm explodéiert war. Do hätt de Jos Steil vill falsch Informatiounen geliwwert; wann de Ben Geiben als Bommeleeër a Fro kéim, da misst de Jos Steil als säi Kompliz ugesi ginn, schreift den Agent vum Geheimdéngscht.

Et sief nach gesot, datt de Geheimdéngscht dëse Rapport erréischt am Fréijoer 2004 der Untersuchungsriichterin Doris Woltz iwwerginn huet