RTL huet den Enregistrement virleien iwwert eng méiglech Ecoute vun enger Entrevue tëscht dem Premier an dem Grand-Duc. E wërft vill Froen op ...

Dat opgezeechent Gespréich tëscht dem Premier an dem fréiere Chef vum Geheimdéngscht huet déi lescht Deeg jo nawell fir vill Opreegung gesuergt.

De Marco Mille hat dem Premier vun der CD erzielt, op där d'Entrevue tëscht dem Premier an dem Grand-Duc soll drop sinn, an de Marco Mille hat dat Gespréich mam Jean-Claude Juncker mat enger Auer opgeholl.
D'CD wier kryptéiert an et wier just gewosst dass eppes drop ass. Ob et wierklech ee Gespréich tëscht dem Premier an dem Grand-Duc war, kann een deemools wéi haut net soen.

An deem Gespréich tëscht Juncker a Mille ass et och ëm d'Méiglechkeet gaang, dass de Palais dat Gespréich selwer kéint opgeholl hunn.

Deen Enregistrement dovu läit RTL elo vir ...

AUDIO: Juncker-Mille: Extrait an deen et ëm déi ominéis CD geet.
AUDIO: Juncker-Mille: De Mann deen dem SREL d'CD ginn huet.
AUDIO: Juncker-Mille: Méiglech, dass Palais selwer opgeholl huet.

D’Entrevue tëschent dem Marco Mille an dem Premier huet sech exklusiv drëm gedréit, wat genee op der - iwwregens – strubbelvoller faméiser kryptéierter CD kéint sinn a firwat se iwwer den Elektronikspezialist M. an de SREL komm wier a wien d’Fiedem giff zéien. Grouss Veronsécherung do, haaptsächlech beim Marco Mille, well alles dréit sech ëm e Gespréich, dat de Premier mam Grand-Duc iwwer d’Affaire Bommeleeër hat. An esou niewebäi seet de SREL-Chef Marco Mille seng Meenung iwwer d’Bommeleeër-Enquêteuren ...

Mä zeréck bei den Elektronik-Spezialist. De SREL wollt deem seng Intentioune gewuer ginn an huet ee Weekend lang dee Mann ofgelauschtert. Dat war wuel illegal, sot en Dënschdeg de Francois Bausch, de President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun.

De Marco Mille wosst iwwregens genee, datt sengem SREL seng Actioun illegal wier, wéi aus dem Enregistrement ervir geet.

An dem Gespréich Mille-Juncker gëtt et ganz vill, wat selbstverständlech an de Raum gestallt gëtt. E puer Beispiller: de Kontakt tëschent dem britesche Geheimdéngscht an der "famille grand-ducale"; oder: d’Normalitéit wéi do Spioune sech géigesäiteg manipuléieren; oder: d’Wëssen iwwer akustesch Detailer vun der kryptéierter CD, déi angeblech net ze entschlësselen ass.

Alles Saachen, déi elo bei der Justiz leien.

RTL

Staatschef a Regierungschef ënnert sech - oder wat seet d'Auer? Gouf e vertraulecht Gespréich tëscht dem Grand-Duc Henri an dem Premier Jean-Claude Juncker heemlech opgeholl?