Geheimdéngscht-Skandal – Fortsetzung: Et gouf wuel am Ganzen dräi illegal Ecouten, dorënner eng, déi de Geheimdéngscht selwer gemat huet.

Dat koum den Dënschdeg de Moien eraus, wéi d’Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun nach eng Kéier beim SREL, also beim Geheimdéngscht, op der Escher Strooss zu Gaasperech war.

Den Ufank vun där Geheimdéngscht-Affaire ass e Gespréich, dat de Grand-Duc an de Premier iwwer d’Affaire Bommeleeër solle gefouert hunn. Dat Gespréich wier illegal opgeholl ginn an et giff op enger verschlësselter Datei existéieren. Mat deeër Datei ass op eng nach net ganz kloer Manéier e Geschäftsmann, en Elektronik- a Wanze-Spezialist, verknäppt.

Deen huet mam Kryptage oder mam Dekryptage vun der Datei ze dinn.

De Marco Mille, de fréiere Geheimdéngscht-Chef, huet iwwer dee Mann a seng Intentioune mam Premier Juncker geschwat a fir seng eegen Dokumentatiounszwecker dat Gespréich heemlech mat enger Spionage-Auer enregistréiert. An do seet de Marco Mille dem Premier, si vum SREL hätte wëllen hannert dem Elektronik-Spezialist seng Intentioune kommen an hätten dowéinst och eng Ecoute op hien gemat ...

"Et ass ni geschitt", seet de Marco Mille um Schluss, wou hien seng ganz Vertuschung explizéiert huet. Offiziell also ni geschitt, mä beim Geheimdéngscht gëtt et Beweiser, datt den Elektronikspezialist ofgelauschtert ginn ass an datt de Premier a säi SREL-Chef dat wossten. Sot de François Bausch, President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun, déi den Dënschdeg de Mueren erëm op der 207 Escher Strooss beim SREL war ...

De President François Bausch sot duerno, e Geschäftsmann – en Elektronikspezialist – wier effektiv ouni Autorisatioun ogelauschtert ginn am Kontext vun der verschlësselter CD, wou e Gespréich tëscht dem Premier an dem Grand-Duc soll drop sinn. Et géif Piècë ginn iwwer d'Ecoute op de Geschäftsmann an ebe keng schrëftlech Autorisatioun vum Premier.

AUDIO: Illegal Ecouten: Extrait François Bausch.

Nieft dem illegalen Enregistrement mat der Spionage-Auer, wou de Premier jo Victime war, wéi hie seet, gëtt et also och en doutéist Enregistrement, wou de Staatsministère net propper do steet. A mat deenen zesummen dräi Enregistrementer ass elo de Parquet befaasst.

SREL: et gi Beweiser fir illegal Ecouten
D'Kontrollkommissioun vun der Chamber krut haut beim Geheimdengscht Piècen, déi Beweisen, datt op mannst eng Persoun illegal ofgelauschtert gouf.