Chamber: Compositioun vun Enquêtëkommissioun steet fest

D'Chamber huet um fréien Dënschdegnomëtteg d'Compositioun vun der Enquêtëkommissioun iwwert de Geheimdéngscht ofgeseent. President ass den Alex Bodry.
An der Kommissioun sinn all déi politesch Couleuren aus der Chamber vertrueden. Am Ganzen huet se 13 Memberen:
CSV
Christine Doerner
Paul-Henri Meyers
Gilles Roth
Marc Spautz
Lucien Weiler
LSAP
Lucien Lux
Alex Bodry
Ben Fayot
DP
Claude Meisch
Xavier Bettel
Déi Gréng
François Bausch
ADR
Gast Gibéryen
Déi Lénk
Serge Urbany
Wéi ewell am Interview an der Mëttesstonn op RTL Radio Lëtzebuerg ugedeit, ass den Alex Bodry President ginn - e Posten, op deen d'CSV verzicht huet. D'Sozialisten op hirer Säit hu sech fir den Alex Bodry decidéiert.
Déi Kommissioun soll d'Aarbechtsweis vum SREL an de leschte Joerzéngten, besonnesch awer natierlech déi lescht Joere kucken an eventuell Dysfunktionnementer an Illegalitéiten opdecken. An um Enn muss dann de Bilan gemeet ginn.
Um Méindeg kënnt d'Enquêtekommissioun an der sougenannter Geheimdéngschtaffaire eng éischte Kéier zesummen.