Tageblatt:SREL huet jorelaang géint Bréifgeheimnis verstouss

© Screenshot Tageblatt.lu
De Geheimdéngscht huet Joerzéngtelaang géint d'Bréifgeheimnis verstouss, schreift d'Tageblatt a berifft sech op eng anonym Persoun.
Persoun ,déi fir de Geheimdéngscht geschafft huet. Joerzéngtelaang wiere, an der Zäit vum kale Krich, Bréiwer a Päck aus dem normale Bréifverkéier erausgefiltert a vu Geheimdéngschtler ausgewäert ginn. Nieft dem SREL, sollen och Mataarbechter vun der Police an der Douane involvéiert gewiescht sinn. Dobäi gouf sech besonnesch fir Bréiwer aus an a Richtung Osteuropa interesséiert.
D'Originalbréiwer goufe kopéiert an duerno nees zréck an d'Enveloppe gemaach. Bréiwer déi dobäi beschiedegt goufen, wieren einfach ewechgeschmass ginn, sou d'Tageblatt.