Éischt Reunioun vun der Geheimdéngscht-Enquête-Kommissioun

Ënnert dem Motto: "Et gëtt näischt ënnert den Dësch gekiert, an et weess een net, wat hannen eraus kënnt."
Dat waren zwee Constate vum President Alex Bodry um Enn vun där éischter Reunioun vun der parlamentarescher Enquêtëkommissioun iwwert de Geheimdéngscht um Méindegmueren.
Vize-Presidenten dovu sinn de Paul-Henri Meyers an de Xavier Bettel, iwwerdeems de François Bausch Rapporteur genannt gouf.
Den Alex Bodry ass sech bewosst, dass d'Kommissioun an engem strikte Kader schafft an et e groussen Erwaardungsdrock gëtt.
Den LSAP-Politiker huet betount, d'Enquêtëkommissioun géif ouni a Priorien an ouni Tabue schaffen, an hir Missioun wär et ze kucken, mat wat fir enge Methoden de Geheimdingscht geschafft hätt an ob déi legal waren. Wann Zeie gehéiert ginn, sollen d'Sëtzungen öffentlech sinn, sot den Alex Bodry, fir deen d'Kommissioun souguer theoretesch ka perquisitionnéiere loossen.
Ween als Bierger Accès zu de Karteikaarte vum SREL wëll hunn, soll sech un d'Spezialkommissioun Dateschutz adresséieren.
Ënnert anerem wëll d'Kommissioun deen aktuellen an déi zwee SREL-Direktere vu virdrun an och d'Premiere Jean-Claude Juncker a Jacques Santer héieren.
Donieft gouf bekannt, dass et de Moment 3 préliminaire Enquêtë vum Parquet gëtt, an zwar déi iwwert d'Matschneide vum Gespréich tëscht dem Marco Mille an dem Jean-Claude Juncker, eng iwwert d'Oflauschteraktioun vum Geschäftsmann M. an eng iwwert dat eventuell matgeschniddent Gespréich tëscht dem Grand-Duc Henri an dem Staatsminister.
Den 3. Januar fänken d'Aarbechte vun der Enquêtëkommissioun un, ënner anerem mat enger Reunioun à huis clos moies ëm 9 Auer an enger Visite, am Nomëtteg, beim SREL. Weider fixéiert Rendez-vouse sinn déi vum 8., 11., 15., 22. a 25. Januar.