Sondage vum Lëtzebuerger Journal an der SREL-Affaire

Nëmmen 22% vun de Leit, déi an engem Sondage gefrot goufen, gleewen, datt den Haff näischt mat der Geheimdéngscht-Affaire ze dinn hätt.
D'Majoritéit vun de gefrote Lëtzebuerger huet also hir Douten, datt den Haff iwwerhaapt net an iergend enger Form an d'opgeworf Affairen verwéckelt ass – dorunner schéngen och zwee Presse-Communiquéen vum Haff näischt geännert ze hunn.
Am selwechten Sondage, deen een um Donneschdeg am Journal kann noliesen soen 77% vun de gefrote Leit, datt all Bierger dee vum SREL fichéiert gouf, misst Abléck a säin Dossier kréien. 62% vun de Leit sinn iwwerdeem der Meenung datt weiderhin e Geheimdéngscht gebraucht gëtt an dësen net sollt ofgeschaaft ginn.
Den aktuellen Direkter vum SREL gëtt iwwerdeem am Januar vun der Enquêtekommissioun vun der Chamber gehéiert. Den Datum fir des Auditioun vum Patrick Heck ass den 15. Januar Nomëttes um 14 Auer.