Sëtzung um Donneschdeg an der Chamber vun der Enquêtekommissioun „Geheimdéngscht“ mat de fréiere Membere vun de Geheimdéngscht-Kontrollkommissiounen.

Ee wichtege Punkt war deen, wat fir Informatiounen de SREL der Kommissioun brénge muss, ouni datt dono gefrot gouf. De SREL hätt eng sougenannte Bringschuld, déi besser aktivéiert misst ginn.

De President vun der Enquêtekommissioun, den Alex Bodry, sot hien hätt den Optrag vun der Kommissioun kritt, genee erauszefannen, géint wien eng Instruction judiciaire wéint den ëmstriddene Lauschterattacken leeft. De Procureur général Robert Biever hat der Kommissioun matgedeelt, et giffe verschidden Enquêten lafen, ouni ze explizéieren géint wie genee.

D'Sëtzung vun der Enquêtekommissioun huet 3 Stonne laang gedauert. Un d'Membere vun der Kommissioun sinn d'Dossiere verdeelt ginn, déi zanter 2004 un d' Kontrollkommissioun gaang waren.

D'Enquêtekommissioun Geheimdéngscht wollt sech an d'Matière aschaffen, ier deemnächst déi éischt Zeie gehéiert ginn. Ënnert anerem sinn dat dann déi aktuell a fréier Direkteren vum SREL. De Marco Mille, dee säi Chef de Jean-Claude Juncker jo mat der Auer ofgelauschtert hat, ass fir de 15. Januar geruff.

Am Nomëtteg waren d'Deputéiert d'Raimlechkeeten vum SREL kucken, fir sech e Bild iwwer déi konkret Situatioun vun der Geheimdéngschtaarbecht a vum SREL-Archiv ze maachen. An deem Archiv si virun allem Auslänner dran, an och e puer Lëtzebuerger, déi an der Zäit vum kale Krich an den Ostblock oder op Kuba gereest sinn. Den Dan Kersch fënnt een iwwregens hei net.

Enquêtekommissioun SREL: Geheimdéngscht huet "Bringschuld"
Sëtzung um Donneschdeg an der Chamber vun der Enquêtekommissioun „Geheimdéngscht“ mat de fréiere Membere vun de Geheimdéngscht-Kontrollkommissiounen.