Wien während dem Kale Krich an den Ostblock gereest ass, dee gouf vum Geheimdéngscht archivéiert.

Dat ass en éischt Resultat an der Enquête-Commissioun Geheimdéngscht. Déi e Mëttwoch e Bréif vum Procureur général krut an déi sech um Donenschdeg iwwer 6 Stonnen konkret mam SREL beschäftegt huet.

Ofgesinn dervun, datt d'Enquêtekommissioun vill geschafft huet, ebe fir sech an den Dossier SREL eranzewullen, ofgesinn also dovun suergt eppes ganz anescht an hire Kreesser fir vill Opreegung. Si haten de Procureur général Robert Biever gefrot, wat fir Enquêten da giffen lafen, mat deenen der Commissioun hir Aarbecht kollidéiere kéint. Wéi erwaart schreift de Procureur général hinnen iwwer d'Bommeleeër-Affaire  mat dem Prozess am Februar, mee e schreift awer och, de Juge d'instruction giff géint onbekannten a bekannte Persounen eng Instruction judiciaire man an do geet et a 4 Fäll ëm Fakte wéi Protection de la vie privée, och am Secteur communications électroniques an eben och am Secteur vum SREL.

Am Kloertext: et geet ëm déi divers Lauschterattacken, déi an der Lescht bekannt gi sinn, also: de Grand-Duc an de Premier, déi vläicht opgeholl gi sinn, de Marco Mille, deen de Premier mat der Spionage-Auer opgeholl huet an ëm d'Spëtzt vum SREL, déi - sot de Marco Mille - mam Accord vum Premier e laangt Telefonsgespréich mat engem Tountechniker opgeholl huet.

De President vun der Enquêtecommissioun, den Alex Bodry, krut vu senge Kollegen den Optrag erauszefannen, wat genee de Robert Biever gemengt huet, eben fir d'Aufgaben - hei Commissioun, do Justiz - präzis ze trennen.

Journalisten an Deputéiert hunn um Donneschdeg schonn driwwer diskutéiert, wéi de Premier selwer da wuel genee involvéiert a vläit viséiert wier. An da gouf et nach d'Aarbecht um Terrain beim SREL vun der Enquêtecommissioun. Si hu sech soe gelooss, wien dra steet am faméisen Archiv vum SREL, dat heescht Leit, déi an der Zäit vum kale Krich an den Ostblock oder zum Beispill op Kuba gereest sinn.

E Verdacht schéngt sech ze erhäerten: fir den Archiv vum SREL goufen déi néideg Règlements grands-ducaux ni geholl. Miserablen Dateschutz an déi feelend legal Basis vum Archiv sinn schonn déi éischt konkret Resultater vun der Aarbecht vun der Enquêtecommissioun, déi eréischt ugefaang huet mat Schaffen.

Enquêtekommissioun SREL: Geheimdéngscht huet "Bringschuld"
Sëtzung um Donneschdeg an der Chamber vun der Enquêtekommissioun „Geheimdéngscht“ mat de fréiere Membere vun de Geheimdéngscht-Kontrollkommissiounen.