Enquête-Kommissioun: Juncker gëtt 25. Januar gehéiert

No der net ëffentlecher Sëtzung vun der Kommissioun ass gewosst, datt dräi Justiz-Instruktioune lafe wéint den dräi faméise Lauschterattacken.
A huis clos, also hannert zouenen Dieren, war um Dënschdeg am Nomëtten nees d’Enquête-Commissioun Geheimdéngscht beieneen.
Eng méi technesch Reunioun, wou d’Aarbecht vun den nächste Woche preparéiert ginn ass. Mat Terminer, déi verspriechen intressant ze ginn ... schonn eleng dowéinst, well et dann eriwwer ass mat de Reuniounen "à huis clos".
Vum Kommissiounspresident Alex Bodry koum dann iwwerdeems och d'Confirmatioun, datt elo en Untersuchungsriichter wéint 3 Lauschterattacken "instructions judiciaires" lafen huet: wéint dem ofgelauschterte Gespréich tëschent dem Premier an dem Grand-Duc, wéint der Affaire Spionage-Auer vum Marco Mille a wéint dem enregistréierten "coup telefon" op den Tountechniker M.
An dat bedeit, datt déi 3 Fäll - déi, wéi se bekannt gi sinn, jo den Ausléiser fir d’Enquête-Commissioun waren - bis op weideres net kënne Sujet an der Enquête-Commissioun sinn. Et däerf keng parallel Enquête ginn.
Et ass awer och net esou, wéi wann et elo verbuede wier, iwwer d’Lauschterattacke politesch oder journalistesch ze schwätzen ... ma dat kéint awer net am Kader vun der Komissioun geschéien.
Den Alex Bodry huet iwwregens betount, hien hätt Vertrauen, datt d’Justiz séier géif viru maache mat hiren Instruktiounen.
5 Leit ginn als éischt gehéiert
Den Alex Bodry sot och, an deenen dräi Fäll kéinte juristesch Verjährungsfristen eng Roll spillen; d’Enquête-Kommissioun wëll déi komplizéiert penal Fro elo juristesch préiwe loossen.
Et war jo och scho gewosst, datt de Jean-Claude Juncker sech vrun der Enquête-Kommissioun ze veräntweren hätt. Just den Datum wor nach net gewosst, an der Tëscht ass awer och dëse bekannt - an zwar ass dat fir de 25. Januar virgesinn.
Um Freideg, 11. Januar ginn dann iwwerdeems 3 Direktere vum Geheimdéngscht, deen aktuellen an zwee fréierer, gehéiert.
Si all ginn ënner Eed befrot iwwer d’Aarbecht vum Geheimdéngscht.