Geheimdéngscht-Chef: Datebank huet keng legal Basis

SREL-Chef Patrick Heck an der Enquêtekommissioun. / © Alain Lamesch
Dat sot de Patrick Heck, aktuelle Chef vum Geheimdéngschtchef, um Freideg, wéi en de Membere vun der SREL-Enquêtekommissioun Ried an Äntwert stoung.
Den aktuelle Chef vum "Service de renseignement" war als Zeien invitéiert.
Hien huet ënnert anerem confirméiert, datt d'Datebank vum SREL keng legal Basis huet, dat néidegt groussherzoglecht Reglement feelt. Et giff awer kee bannepolitesche Spionage vu Parteien oder Politiker ginn.
Et hätt awer e puer Oflauschteraktiounen iwwer Telefon ginn, wou et keen Accord vum Riichter ginn hätt, sot weider de Patrick Heck. Dat gëtt un de Parquet weidergeleet.
D'Kommissiounssëtzung war op zwou Stonnen ugesat, huet awer wesentlech méi laang gedauert.
Nächsten Dënschdeg ass de fréiere Chef vum Geheimdéngscht, de Marco Mille, Invité an der Enquêtekommissioun. Hien huet eng Sëtzung à huis clos ugefrot, well en da méi kéint soen. Dat ass awer refuséiert ginn. Et kéint awer sinn, datt eng net-ëffentlech Sëtzung derbäi kënnt, wou dann de Marco Mille an de Patrick Heck gehéiert ginn.
Den Nico Graf war op der Plaz:
De Geheimdéngscht huet an de Joren 2007 bis 2009 eng hallef Dosen weider illegal Telefons-Ecoute gemaach, nieft de scho bekannten. Dat ass eent vun de Resultater gewiescht an der Chamber, wou d'Enquête-Commissioun den aktuelle SREL-Chef Patrick Heck ënner Eed als Zeie gehéiert huet. Eng 2 Minutten duerno huet de President Alex Bodry dës nei Tatsaach esou kommentéiert: Et wier ee relative grave fait nouveau.
De Patrick Heck sot, hie wier enttäuscht, wat seng Servicer do iwwer d'Vergaangenheet erausfonnt hunn an d'Deputéiert wieren dat wuel och, enttäuscht, also. Et war d'Fro un de Patrick Heck gewiescht, ob de Fall vun der Telefons-Ecoute op den Techniker M en isoléierte Fall gewiescht wier. De Patrick Heck huet missen zouginn, datt Nee. Et goufen no Recherche 6 oder 7 weider Irregularitéiten festgestallt. Dat war 2007, 2008 an uganks 2009
Schonn direkt an der éischter Sëtzung vun der Enquête-Commission mat engem wichtegen Zeien ass also eng Saach op d'Tapéit komm, déi un de Parquet weidergereecht gëtt. 6 bis 7 Fäll also, wou zwee Lëtzebuerger a soss Auslänner getraff waren a wuel och eng wichteg Lëtzebuerger Entreprise.
Soss war et aus dem Mond vum SREL-Chef ganz vill implizit Kritik un der fréierer Organisatioun vum SREL. Hien huet sech zwar gehidd seng Virgänger ze kritiséieren, mee e sot ganz dacks, hien hätt nei Instruktiounen, Verbesserungen, Präzisiounen, eng nei Organisatioun an de Service bruecht. Hie wier vun der Nato an der Namsa eriwwerkomm, 2009, do wier alles duerchstrukturéiert gewiescht a beim SREL eben net. Zwee Fakten, déi dat och beleeën: et gouf confirméiert, datt et kee Règlement grand-ducal fir dem SREL seng Archiv-Aarbecht gouf, datt eréischt hien de regelméissege Kontakt mam Premier formaliséiert huet an e Koordinatiouns-Comité, deen am Gesetz steet, einfach ni zesumme getrueden ass.
De SREL-Chef hat iwwregens fir seng Auditioun de huis clos ugefrot; et gouf decidéiert, hie sollt a priori ëffentlech gehéiert ginn. Wann et onbedéngt néideg wier, kéint een ëmmer nach d'Dieren zoumaachen.