Den Ex-SREL-Chef Marco Mille ass en Dënschdeg an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert ginn. No bal 3 Stonne gouf de "huis clos" verhaangen.

D’Enquêtekommissioun Geheimdéngscht huet en Dënschdeg de Mëtteg vu 14 Auer un de fréieren Direkter vum Service de Renseignement (SREL), de Marco Mille, als Zeie gehéiert. Deen ass jo entretemps Sécherheetschef bei Siemens an huet de Service ugangs 2010 verlooss.

D'Sëtzung an der Plenière vun der Chamber war am Ufank public -  si gouf awer net am Bild, mä nëmmen am Toun vu ChamberTV iwwerdroen.

Et war jo de Marco Mille, deen Ugangs 2007 e Gespréich tëscht him an dem Staatsminister mat enger preparéierter Auer enregistréiert hat.

De Marco Mille sot, en hätt dem Premier an engem ganz emotionale Gespréich seng Demissioun offréiert, wéi dat erauskomm ass. De Jean-Claude Juncker wier awer net drop agaang.

En Depart am Béisen, esou den Zeie weider, wier och a kengem sengem Interêt gewiescht, well wann dat eng grouss ëffentlech Diskussioun mat sech bruecht hätt, hätt Lëtzebuerg wuel manner Informatiounen aus dem Ausland kritt.

De Marco Mille huet och ënnerstrach, dass e keen Drock gespuert huet an de Wiessel bei Siemens wier an deem Sënn eng ganz normal berufflech nei Orientéierung gewiescht.

AUDIO: Marco Mille: Depart war normale beruffleche Wiessel

De Marco Mille huet och Stellung geholl zu illegalen Ecoutte beim Geheimdéngscht. Den aktuelle Chef Patrick Heck hat d’lescht Woch an der Enquêtekommissioun gesot, et hätt ongeféier eng hallef Dosen där Fäll ginn. De Marco Mille sot dogéint um Dënschdeg, dass hien näischt doriwwer wéisst.

"De Geheimdéngscht war zu menger Zäit eng schwaarz Këscht, wou keen – zum Deel och net d'Cheffen – den Duerchbléck hat." Dat sot de fréiere Chef vum Geheimdéngscht och nach an der Enquêtekommissioun vun der Chamber. Wuertwiertlech sot de Marco Mille, de SREL wier eng "black box" gewiescht.

AUDIO: Marco Mille: Geheimdéngscht-Service war 'black box'

An der Kommissioun gouf och iwwer den Archiv vum SREL diskutéiert. De Marco Mille konnt net explizéieren, firwat hien 2004 archivéiert Mandatsträger aus deem Archiv erausgeheie gelooss huet. De parlamentarescher Kontrollkommissioun hat hien dat och net matgedeelt, well dat net relevant fir déi gewiescht wier ...

Säin Nofolger Patrick Heck hat jo an der Enquêtekommissioun iwwer 6 oder 7 weider illegal Ecoutte geschwat. Dovunner wosst de Marco Mille awer näischt, sot hien.

An der Kommissioun ass och laang iwwert de legislative Kader vum Geheimdéngscht Rieds gaang, notamment iwwert ee Règlement grand-ducal fir eng Datebank z’autoriséieren. Et wier um Staatsministère gewiescht, fir dat Reglement op den Instanzewee ze schécken an dat wier eben net geschitt.

"Huis clos" nee, "huis clos" oui

De Marco Mille hat de "huis clos" vun der Sëtzung vun en Dënschdeg gefrot, well en net ëffentlech iwwert d'Aktivitéite vum Geheimdéngscht schwätze kinnt, ma d'Kommissioun war där Fuerderung am Ufank net nokomm. Eréischt no 2 Stonnen a 45 Minutten, wéi se net méi weider koum, gouf de "huis clos" verhaangen an de Publikum huet de Sall musse verloossen an d'Mikroe goufen ausgemaach.

Nom huis clos, wou sech d'Commissioun mam Zeie Mille zeréckgezunn hat, sot de President Alex Bodry, de Marco Mille hätt gesot, et giff keng Indice derfir ginn, datt den Haff permanente Kontakt mam briteschen MI6 gehat hätt. De Marco Mille huet also der Commissioun de Géigendeel vun deem gesot, wat hien dem Premier am enregistréierten Auer-Gesprécih gesot hat.

No der Auditioun vum Marco Mille ass et en Dënschdeg 8 Deeg d'Suite vun den Aarbechte vun der Enquête-Kommissioun, wann da mam Charles Hoffmann e weidere fréiere Chef vum SREL gehéiert gëtt.

Freides, de 25. Januar ass et dann den Tour um Staatsminister Jean-Claude Juncker.

Marco Mille: "Weess näischt vun illegalen Ecoutten"
Den Ex-SREL-Chef Marco Mille ass en Dënschdeg an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert ginn. No bal 3 Stonne gouf de "huis clos" verhaangen.