Datums-Fro: Wéini wosst de Premier vu Spionage-Auer?

Et geet ëm d’Fro, wéini de Premier gewuer ginn ass, datt de Marco Mille hie mat der Spionage-Auer enregistréiert hat.
Den Enjeu vun där Datums-Fro ass éischtens e juristeschen an zweetens e politeschen.
Dee juristesche Volet ass ganz komplizéiert a besteet doranner, wéini et eng Prescriptioun, d.h. eng Verjärung derfir gëtt, wann een deen aneren heemlech enregistréiert. Wat de Marco Mille jo am Gespréich mam Premier gemaach hat. De Verjärungs-Delai ass do wahrscheinlech 3 Joer. An dat bedeit, wann et sech bestätegt, datt d’Spionage-Auer-Affär juristesch 3 Joer nom Dezember 2008, also am Dezember 2011 verjärt gewiescht wier.
Aus der Justiz gëtt ee gewuer, datt dee Punkt – natierlech – ganz serieux kontrolléiert gëtt, sous-entendu, et geet net duer, datt de Marco Mille dat seet, et gëtt iwwerpréift.
D’Verjärung betrëfft iwwregens nëmmen d’Auer-Affär a net déi kryptéiert CD a net d’Ecoute op den Techniker M.
Politesch gesäit et esou aus: No allem, wat bis ewell bekannt ass, hätt sech dat emotionaalt Panzrappecht-Gespréich Juncker-Mille also am Dezember 2008 ofgespillt. Am Mäerz 2009 huet de Premier de Charel Goerens, de President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun informéiert, sot eis de Charel Goerens.
Eréischt 6 Méint nom Sträit-Gespréich Juncker-Mille ass d’Kontrollkommissioun dunn awer eréischt offiziell informéiert ginn: 2 Deeg vrun de Wahlen am Juni 2009. Dat ass laang, sot den Alex Bodry. An, muss een uflécken, dee laangen Delai misst explizéiert ginn. Well hannendrun kënnt jo nach en Delai: eréischt am Mäerz 2010 geet de Marco Mille bei Siemens, dat heescht op d’mannst 14 Méint hunn de Premier a säi Geheimdéngscht-Chef nach zesumme geschafft, ouni datt deen een nach Vertrauen an deen aneren hat.
Zeréck bei d’Justiz: sollt d’Verjärung wierklech gräifen, da kann dee Volet vun der Auere-Geschicht politesch an der Enquête-Commissioun opgeschafft ginn.