RTL-Informatiounen no huet dem Premier Jean-Claude Juncker säi fréiere Chauffer, a Polizist, am SREL geschafft.

Am Geheimdéngscht gouf et enorm intern Problemer. Dat ass d'Conclusioun, déi ee jo zéie muss no den Auditiounen vun de Cheffen Mille an Heck. D'Problemer sinn awer wuel nach méi grouss wéi geduecht. Well eisen Informatioune no hat de Premier Jean-Claude Juncker derfir gesuergt, datt e Mann vu sengem Vertrauen am SREL geschafft an him Informatiounen iwwer dem Service seng Aarbecht an Interna geliwwert huet.

Et kann een et an engem Satz soen, wann ee well. De Satz ass deen hei: de politesche Chef vum Geheimdéngscht huet säin eegene Geheimdéngscht ausspionéiere gelooss. An zwar vu sengem fréiere laangjärege Chauffeur. Déi genee Grënn duerfir sinn net bekannt. Et muss just en extreme Vertrauensverloscht ginn hunn tëschent Service a Premier, deen derzou gefouert huet, datt de Premier säi Vertrauensmann am SREL plazéiert huet. Iwwregens géint intern Widderstänn am SREL.

A vu datt de SREL wuel e panier à crabes war, huet dee Mann, wéi e bis dobanne war, zimlech séier allerhand erausfonnt iwwer Dysfonctiounen am Service. Et gëtt erzielt, hien hätt sech als dem Premier säi Mann presentéiert, als Surveillant a Rapporteur un de Premier. Wat natierlech dem deemolegen Chef Marco Mille net konnt gefall hunn: de neie Mann war ze soe "Konkurrenz fir de Chef".

Déi dräi ominös Departe vum SREL – also de Frank Schneider, deen d'Sécherheets-Firma Sandstone grënne geet, de Beamten, deen an de Wirtschaftsministère geréckelt ginn ass, an de Marco Mille, deen de Premier mat der Auer enregistréiert huet an dee Méint duerno bei Siemens geschéckt ginn ass – déi dräi Versetzungen, héiert een, hunn allen dräi mat der Aarbecht vum fréiere Chauffeur am SREL ze dinn.

En efficacen Maulef also am Déngscht vum Premier.

Och en anere Volet vun der SREL-Affair liicht sech esou lues. De SREL-Chef Patrick Heck hat an der Chamber gesot et hätt eng Handvoll weider bis ewell net bekannten illegal Ecoute ginn... de Lucien Lux huet nom Kontext gefrot... op et sech ëm eng Lëtzebuerger Firma handelt... d'Äentwert war "jo".... op d'Fro vum Lucien Lux op e soll weider fuere mat Froe stellen, wat d'Äentwert kloer "Nee".

Jidfereen huet direkt un d'Cargolux geduecht an dat huet sech um Donneschdeg bei de Kollegen vun 100,7 konfirméiert. Eise weideren Informatioune no war deen ofgelauschterte Manager an den arabesche Länner ënnerwee, och fir de Luxembourg Board of economic development.

Firwat hien op Ecoute gesat gi war, dat ass net gekläert. Et kéint emol sinn, datt och dee Mann d'Victime war vu SREL-internen Agissementer an Intrigen.

AUDIO: Fréiere Chauffer vum Staatsminister huet beim SREL geschafft
Fréiere Chauffer vum Staatsminister huet beim SREL geschafft
RTL-Informatiounen no huet dem Premier Jean-Claude Juncker säi fréiere Chauffer, a Polizist, am SREL geschafft.