Land: Ecoutë bei Cargolux wéinst Zigarette-Schmuggel?

Am Viséier vun den Ecoutë bei der Cargolux, war dem Land-Artikel vun e Freideg no e gréisseren Zigarette-Schmuggel tëscht Lëtzebuerg an Teheran.
En Donneschdeg den Owend war mer an eise Nouvellen nach eemol op d'Aussoe vum aktuellen SREL-Direkter Patrick Heck virun der Enquête-Kommissioun ze schwätze koum, wou den Zeien Allusioune gemeet huet, datt et bei, bis ewell net-bekannten illegalen Ecouten, och eng gouf wéinst der Protectioun vun economesche Patrimoine.
RTL Informatiounen no, war an deem Kontext e Cargolux-Manager ofgelauschtert ginn, deen am Kuwait fir d'Cargo-Airline aktiv war.
Am „Lëtzebuerger Land“ vun e Freideg de Muere kënnt een op dës Ecouten an d'Enquête vum SREL aus dem Joer 2008 zréck. Am Viséier vun den interceptéierte Gespréicher war dem Land-Artikel no d'Cargolux-Linn tëscht dem Findel an Teheran am Iran, wou sech Froen ëm d'Tonne vun Zigarette gestallt gouf, déi do transportéiert goufen.
Rieds geet vun presuméierten Zigarette-Schmuggel, well den Tubak nees um Schwaarzmaart an Europa verkaf gouf. Als Intermédaire wier d'Firma MALU am Spill gewiescht, wou ee Kommissiounen op all Pak Zigarette kasséiert hätt. Indirekt wier eben och deen ofgelauschterte Cargolux-Manager a MALU Enterprises verwéckelt gewiescht, esou d'Land weider.
An der Wochenzeitung gëtt sech duerfir gefrot, firwat et dës Ecoutë goufen, wat d'Methode vum SREL waren, firwat de Marco Mille e Rapport „en cours“ weiderginn huet a wéi d'Cargolux-Responsabel informéiert goufen.
2011 schonn huet de Parquet eng Enquête wéinst passiver Korruptioun bei der Cargolux opgemeet, nodeems sech d'Firma selwer denoncéiert hat – eng Enquête déi den Ament weider an den Hänn vum Ënnersuchungsriichter Ernest Nilles wier.