En Dënschdeg war et um fréiere Geheimdéngschtchef Charles Hoffmann fir vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert ze ginn.

An der Chamber war et d’Auditioun vum fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Charles Hoffmann. Virop huet de Charles Hoffmann gesot dass d’Faiten iwwert de Geheimdéngscht grave a regrettabel wieren, wann dat stëmmt wat an der Press opgedeckt gouf.

De Charles Hoffmann huet betount, dass hien ni fir d’CSV oder soss eng Partei geschafft huet. Hien huet och drop gehal ze präziséieren, dass ënnert senger Direktioun keng illegal Ecoutë gemaach goufen.

Bis ewell ass scho vill iwwert de Fichier geschwat ginn, deen am Geheimdéngscht ugeluecht gouf an deen d’Kommissioun schonn analyséiert huet. De Charles Hoffmann huet an deem Kontext ënnerstrach, dass et kee politeschen Espionnage war.

An de Charel Hoffmann sot, hie wier e Produkt vum Kale Krich a vun Ufank un Chef vum Stay Behind gewiescht. Deen hätt näischt mat de Bommeleeër ze di gehat.

De Charles Hoffmann war nom Patrick Heck an dem Marco Mille deen drëtten a leschte SREL-Chef, deen als Zeien an der Geheimdéngschtaffär aussoe sollt. Hien huet de Service de renseignement tëscht 1985 an 2003 geleet.

Den ëffentlechen Audit vum fréiere Geheimdéngscht-Chef Charles Hoffmann war no zwou Stonnen eriwwer. An d'Deputéiert waren ze soe näischt gewuer ginn. De Charles Hoffmann huet sech als kale Krieger presentéiert, dee géint den Ennemi aus dem Oste geschafft huet – ouni vill Regelen, ouni vill Moyenën, mat engem Archiv, dat hien ni benotzt hätt. An un dat meescht konnt hien sech net erënneren.

De Charles Hoffmann huet sech duerno inhaltlech nach e pur Mol widdersprach. Interessant awer: de fréiere SREL-Chef hat an de leschten Deeg nach Kontakt mam aktuelle SREL-Chef fir sech op seng Ausso ze preparéieren. Erauskoumen dobäi erëm nei Zuelen iwwer déi beim SREL archivéiert Leit, Zuelen, déi ëmmer méi an de Keller ginn.

Een Deputéierten huet souguer vun enger « Märchenstunde » geschwat. De President vun der Kommissioun war jiddefalls net zefridde mat Auditioun a mat de Widderspréch wëll ee sech och nach beschäftegen.

De 5. Februar gëtt de Procureur général Robert Biever an der Enquêtekommissioun à huis clos gehéiert.

SREL-Enquêtekommissioun: Charel Hoffmann gouf gehéiert.
Den fréiheren Direkter vum Spetzeldengscht sot, ennert him wieren keng illegal Ecouten gemaach gin. U villes konnt hien sech net erenneren.