De President vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht aus der Chamber huet a Begleedung vun der Police juciciaire d'Archiv vum SREL versigele gelooss.

Hien hat schonn en Dënschdeg an der Sëtzung eng Undeitung an déi Richtung gemaach. De fréiere Direkter Charel Hoffmann hat nämlech gëschter vun 10.700 Fichierë geschwat an sech dobäi op rezent Informatioune vum aktuellen Direkter beruff. Deen hat allerdéngs knapp 2 Woche virdrun an der Kommisisoun, vu 17.000 Dokumenter geschwat. Ganz Ufank war souguer vun 300.000 Fichierë riets gaang.

D'Kommissioun schéngt wëlle sécher ze goen, dass keng Dokumenter verschwannen.

AUDIO: Archiv SREL Bodry/Reportage vum Nico Graf

Et hätt ee kee konkreten Indiz dofir, datt versicht gi wier an der Lescht Fichiere verschwannen ze loossen, sou den Alex Bodry. Et gouf op Demande geschafft, déi erakomm sinn an et ass analyséiert ginn, wat vu Fichieren dran ass. Do géifen déi nei Zuelen hierkommen. Alles virdrun wieren graff Schätzunge gewiescht.

D'Commissioun hätt awer net d'Mëttelen, fir kuerzfristeg all d'Kaarten duerch ze goen. Wat méiglech wier, dat wier d'Nominatioun vun Experten, déi ee Gesamtbild géingen erschaffen an erausfannen, ob de Prinzip vun der Legalitéit hei respektéiert gouf.

Geheimdéngschtaffär: D'Archiv vum SREL gouf versigelt
De President vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht aus der Chamber huet a Begleedung vun der Police juciciaire d'Archiv vum SREL versigele gelooss.