Dat sot de Premier Jean-Claude Juncker an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht iwwer déi kryptéiert CD, wou d'Gespréich mam Grand-Duc soll drop sinn.

Bal 4 Stonne laang huet de Premier a politesche Chef vum Service Renseignement an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht op d'Froen vun den Deputéiert geäntwert. Vu viru war kloer, datt näischt ugeschwat dierf ginn, wat Géigestand vun der Enquête ass, där an där nämmlechter Affaire vru Geriicht leeft.

Menges Wëssens gouf et keng innepolitesch Spionage, sot de Premier der Enquête-Kommissioun Geheimdéngscht. Hie sot och, dat et net dem Geheimdéngscht seng Missioun wier, bei Demonstratiounen Leit ze iwwerwaachen. Hien hätt d'Affär vun der kryptéierter CD iwwert d'Gespréich tëscht him an dem Grand Duc ni serieux geholl, sou de Jean-Claude Juncker. Mam Grand Duc hätt hie keen brisant Gespréich iwwert d'Identitéit Bommeleeër gehat - vill méi hätt hien mam Staatschef iwwert d'Ausso vun engem Zeie geschwat, deen de Brudder vum Grand Duc als Bommeleeër bezeechent hat.

D'Kontrollkommssioun kéint net iwwer all Verdachtsmomenter a Spekulatiounen vum SREL informéiert ginn, sou de politesche Chef vum Geheimdéngscht. Wat den Out-Sourcing vun Aktivitéiten vun deem Service betrëfft, sot de Premier, dee misst an Zukunft präzis autoriséiert ginn. De Jean-Claude Juncker huet sech dofir ausgeschwat, dat an Zukunft am Staatsministère eng Persoun agestallt gëtt, déi sech ëm de Kontakt mam SREL këmmert.

De President vun der Kommissioun hat iwwerdeems nei Chiffren iwwert d'Dossieren, déi den Geheimdéngscht iwwert Privatleit an Entreprisen ugeluecht huet. Deemno gëtt et am Archiv Fichen iwwert ronn 11.600 Lëtzebuerger an ronn 2.200 Gesellschaften a Vereenegungen. Déi Zuele betreffe juste d'Lëtzebuerger, et gëtt deemno méi Fichen, déi de Service gefouert huet. De Premier huet dorops hin präziséiert, dat tëscht 1982 an 2012 eng 300 autoriséiert Ecouten vum Geheimdéngscht gemaach goufen.

AUDIO: JCJ an der Kommissioun/Reportage vum Danièle Weber
RTL

Den Nico Graf mécht emol de Point wat bis ewell lass war an ëm wat et geet.

Ugefaang huet alles mat enger einfacher Fro....

Dëser: Firwat ass de Marco Mille aus dem Geheimdéngscht fort a bei Siemens gaang? Op déi Fro gouf et keng richteg Äntwert. Et ass just eng Rumeur, zanter Joeren iwwregens, dorëmmer circuléiert: de Jean-Claude Juncker wier vu sengen eegene Leit mat enger Spionage-Auer enregistréiert ginn.

An dernieft gouf et eng zweet Rumeur, och zanter Joeren: de Premier an de Grand-Duc hätten iwwer d'Affär Bommeleeër geschwat, en interessant Gespréich, dat heemlech opgeholl gi wier.

Déi zwou Rumeuren hu sech matenee verknäppt an op d'mannst déi éischt huet sech als Wouerecht erausgestallt: de SREL-Chef Marco Mille hat effektiv e Gespréich mam Premier enregistréiert, hat d'Vertraue vum Premier verluer an ass dowéinst op München gaang oder gaang ginn. An deem enregistréierte Gespréich ass et eben just ëm déi presuméiert Lauschterattack Grand-Duc/Premier gaang.

Wéi d'Gespréich dunn an der Zeitung, am Land, publizéiert ginn ass an herno och op de Radioën, sinn ëmmer méi Elementer bei de Skandal derbäi komm: eng drëtt illegal Ecoute, déi op en Elektronikspezialist, deen op eng nach onkloer Manéier mat enger kryptéierter CD ze dinn huet, wou d'Gespréich Premier/Grand-Duc drop wier.

Wéint deenen dräi Ecouten enquêtéiert d'Justiz.

A wéint villen anere Sujeten, déi am Spionage-Auer-Gespréich ugeschwat gi sinn enquêtéiert elo déi parlamentaresch Enquête-Commissioun. Also: wat huet de Geheimdéngscht SREL am Fong gemat zanter et e gëtt? Hat den Haff Kontakt mam MI6? Wat läit alles am SREL-Archiv? Wat waren d'Prinzipien an d'Instruktiounen an déi legal Basen fir dem SREL seng Aarbecht?

An den éischten dräi Auditiounen, déi vun den dräi SREL-Cheffen, huet sech erausgestallt, datt villes schif gaang ass beim SREL:

en Echantillon: D'Beamten hu cloisonnéiert geschafft, jiddweree fir sech, électrons libres; et gouf weider illegal Ecouten; d'Kommunikatioun mat de Premieren war rudimentär bis inexistent; d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun ass wichtegst Saache net gewuer ginn; de genee Rôle an den Ecouten-Affairen vun den Herren Marco Mille, Frank Schneider an André Kemmer muss genee gekläert ginn.

Weider wichteg Froe sinn: wéi kann et sinn, datt Leit aus dem SREL hiert Geheimdéngscht-Wësse mat an d'Privatwirtschaft huelen? Huet dem Frank Schneider seng Entreprise Sandstone fir de Staat geschafft? Wéi kann et sinn, datt et am Economie-Ministère e parallele SREL gëtt? Wien huet eigentlech wiem net méi getraut, de Premier net méi dem SREL oder de Geheimdéngscht net méi dem Premier? An et gëtt och dorëmmer gesot, de Marco Mille giff sech nëmmen als Baueren-Opfer gesinn.

An dann all déi méi historesch Froen, wien firwat vum SREL observéiert ginn ass.

An den Dossier Bommeleeër, wou de SREL eng onkloer Roll gespillt huet. A Gladio, a stay behind.

D'Enquête-Commissioun huet ze soe mat engem hallwe Joerhonnert lëtzebuergescher Geheimgeschicht ze dinn.

A kann nëmmen dat offensiv traitéieren, wou net grad d'Justiz enquêtéiert.

Auditioun Juncker: "Ech hu kryptéiert CD ni serieux geholl"
Dat sot de Premier Jean-Claude Juncker an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht iwwer déi kryptéiert CD, wou d'Gespréich mam Grand-Duc soll drop sinn.
Geheimdéngscht:Auditioun vum Premier
Fir Deputéiert stellen sech no den 4 Stonnen Unhéierung vum Premier elo e ganze Koup nei froen, sou dass nach weider zeien mussen geruff ginn
Déi komplett Auditioun vum Jean-Claude Juncker
.