Am Kader vun den Enquêten ëm de Geheimdéngscht gouf um Dënschdeg am Ministère fir d'Economie an den Aussenhandel eng Perquisitioun duerchgefouert.

Mat engem lapidare Communiqué huet d'Regierung um Dënschdegowend matgedeelt, datt de Büro vun engem Mataarbechter am Wirtschaftsministère am Laf vum Nomëtteg duerchsicht ginn ass.

RTL-Informatiounen no ass de concernéierte Beamten deen, dee vum SREL an de Wirtschaftsministère fortgaang ass. Hien huet op eng nach net ganz kloer Manéier mat den dräi illegalen Ecoutten ze dinn, wéint deenen de Parquet enquêtéiert.

An et stellt sech d'Fro, op de Beamte Material – also Dokumenter oder digital Supporten – aus dem SREL mat an de Wirtschaftsministère geholl huet.

AUDIO: Den Etienne Schneider (30/01/2013 - 08h00)

De Ministère huet d'Perquisitioun am fréien Dënschdegowend esou per Communiqué confirméiert:

Perquisition au ministère de l’Economie et du Commerce extérieur

En fin d’après-midi du mardi 29 janvier 2013, sur demande du juge d’instruction, une perquisition a eu lieu dans les locaux du ministère de l’Economie et du Commerce extérieur dans le contexte des enquêtes relatives au Service de Renseignement de l’Etat (SREL).

AUDIO: De kompletten Interview mam Etienne Schneider