Déi Gréng hunn um Mëttwoch eng Demande gemeet, fir an der Wirtschaftskommissioun mam Minister Schneider iwwert eng economesch Missioun am Irak ze schwetzen

Dës Missioun vun 2007 ass interessant, well se eng vun deene Missioune kéint sinn, déi de Geheimdéngscht mat organiséiert hat. Et ass d’Fro, wien genee do partizipéiert huet, wat d’Aufgab vum SREL war a wat de Lëtzebuerger Staat am Nord-Irak genee wollt.