D'Police huet de Bureau vum André Kemmer duerchsicht, dee Mann, deen 2009 vum Geheimdéngscht an de Wirtschaftsministère versat ginn ass.

Hannergronn sinn déi faméis Lauschterattacken, wéint deene jo enquêtéiert gëtt. An et ass d'Fro, no wat d'Police beim André Kemmer genee gesicht huet. CDen, Disquetten, Sticken – et ass net bekannt. Bekannt ass awer, datt den André Kemmer op irjendeng Manéier mat den 3 illegalen Ecouten ze dinn hat – déi vum Grand-Duc mam Premier, well hien den Tountechniker M gutt kennt, ëm deen sech hei villes dréit, déi vun der Spionage-Auer, well hien do wuel Assistant technique gewierscht wier an déi Ecoute op den Techniker M.

An der Suite vun der Spionage-Auer-Affaire ass den André Kemmer an de Wirtschaftsministère versat ginn. Während der Auditioun vum Premier Juncker huet de Liberale Claude Meisch no deem Beamte gefrot. Dee wier fir Research and Analysis do zoustänneg, sou de Premier, mee dee géif och aner geheimdéngschtlech Informatiounen dem Minister zougänglech maachen.

RTL

Och den aktuelle SREL-Chef Patrick Heck gouf vum Gréngen François Bausch nom André Kemmer gefrot an et héiert een et, de Patrick Heck war schlecht drun, wéi en iwwer dee Mann schwätze sollt. De Perimeter vu senger Missioun kritt hie vu sengem Minstère definéiert, sou de Patrick Heck. De SREL hätt do guer keen Afloss. Et géif just een élément de parcelle, wou si géingen zesummeschaffen. Wat hien am Minstère mécht, kann ech net beurteelen, sou nach de SREL-Chef.

Ofgesinn vum André Kemmer gëtt et nach eng aner interessant Entwécklung: verschidde missions économiques geroden an de Fokus, Missiounen a Libyen, Kuba, Nord-Irak an Angola. Haut seet de Patrick Heck iwwer esou Missiounen, déi wiere präventiv. Et wier een net an der Initiative, mee an defensiver Missioun.

Bleift d'Fro, ob d'Nord-Irak-Missioun zum Beispill och präventiv war. Déi Gréng wëllen dat mam Wirtschaftsminister an der zoustänneger Chamber-Commissioun duerchdiskutéieren.

AUDIO: Perquisition Suivi/Reportage vuzm Nico Graf
Perquisitioun André Kemmer: Lauschterattacken Hannergrond
D'Police huet de Bureau vum André Kemmer duerchsicht, dee Mann, deen 2009 vum Geheimdéngscht an de Wirtschaftsministère versat ginn ass.