Etienne Schneider: Jo, de Geheimdéngscht huet eng Mission économique an den Irak organiséiert, an Nee, et ass näischt derbäi erauskomm.

Dat sot en Donneschdegmueren an der Chambercommissioun Economie de Wirtschaftsminister Etienne Schneider. Deen sech also getommelt huet fir mat den Deputéierten iwwer komesch Auslandsreesen vu sengem Ministère ze schwätzen.

Libyen, Angola, Kuba an de Nord-Irak – dat sinn déi 4 Reesen, déi zanter e pur Deeg am Gespréich sinn. Déi interessantst ass déi an de Nord-Irak. Den Etienne Schneider konfirméiert: Etienne Schneider: Also et ass sou, dass de Wirtschaftsministère zesumme mam Staatsministère, d.h. mam SREL eng Rees organiséiert hunn an den Irak, wou eng ganz Rei Entreprisen Interessi haten hin ze goen. Et ass sou, dass déi kurdesch Autoritéiten, déi probéieren auslännesch Investisseuren unzezéien an hiert Land. Doropshin ass eben d'Idee opkomm, fir sou eng Rees ze maachen. De SREL huet sech ëm d'Organisatioun vun der Rees bekëmmert, d.h. haaptsächlech de Vol organiséiert, wat relativ komplizéiert ass, awer an dat Gebitt do eranzekommen. An de Wirtschaftsministère huet déi Entrevuen organiséiert mat enger ganzer Rei Ministeren, awer och mat der Chambre de Commerce dohannen, an eng Rei Visite d'Entreprisë gemaach.

Vu Lëtzebuerg aus waren eng Rei Entrepisë mat an d'Kurdegebitt:

Etienne Schneider: Ënner anerem ArcelorMittal, d'Cargolux war mat, d'Chambre de Commerce war vertrueden, Young Energy Prize waren do, General Mediteranean Holding waren do. Dat si lo déi déi mir mol bekannt sinn déi do mat dobäi waren.

Vun deeër Rees gëtt et eng interessant Foto: déi vum engem héije Beamten aus dem Wirtschaftsministère, deen op engem Schéissstand mat enger Kalaschnikow diicht:

Nico Graf: Wéi kënnt et zu där Foto vum Schéissstand?

Etienne Schneider: Dat ass eng gutt Fro... vue que dass ech net dobäi war, kann ech Iech dat net soen.

Nico Graf: Et gesäit e bëssen aus, wéi wann et do och ëm Waffe gaange wier. Et geet een net op de Schéissstand fir Knippercher ze verkafen oder ze kafen... et ass immens komesch.

Etienne Schneider: Nee ech mengen awer net, dass et do ëm Waffenhandel gaangen ass.

Bei der Rees an de Nord-Irak ass aus der Vue vum Ministère näischt gräifbares erauskomm, ze komplizéiert op alle Pläng fir de Geschäfter ze man. Datselwecht gëllt fir Angola. Mat Libyen hat ee Kontakter, déi sinn awer op Äis geluecht ginn wéint der Affär mat de bulgareschen Infirmièren. Wat Kuba ubelaangt, do gouf et wuel eng Prepartiouns-Rees vum SREL-Chef Marco Mille, mä herno awer keng Mission economique.

Den Etienne Schneider sot nach, hien giff an Zukunft esou Missiounen ouni de SREL organiséieren, also esou datt nëmmen säi Ministère zoustänneg ass.