Enquêtekommissioun Geheimdéngscht: Santer sakrosankt

Et war vun Ufank u gewosst, datt d'Auditioun vum Jacques Santer net all ze laang dauere géif. De fréiere Premier hat um hallwer 3 en anere Rendez-vous. Datt de President vun der parlamentarescher Enquêtekommissioun d'Sitzung awer schonn no enger knapper Stonn nees hiewe géif, dat hat awer wuel keen erwaart. A vill gewuer ass een och net ginn.
Den Éierestaatsminister: Keng onautoriséiert Ecoutten, keng Ecoutten op Lëtzebuerger a keng Unzeeche vun Dysfonctionnementer am Service de renseignement.
Wie sech de Freideg de Mëtteg an der parlamentarescher Enquêtekommissioun nei Elementer an der Geheimdéngscht-Affaire erwaart hat, dee gouf op der ganzer Linn enttäuscht.
De fréiere Staatsminister Jacques Santer, deen tëscht 1984 an 1995 politesche Chef vum Geheimdéngscht war, sot, hien hätt weder vun Dysfonctionnementer beim SREL, nach Fichieren, nach Ecoutten op Lëtzebuerger oder méiglechen "electrons libres" bei den Agente gewosst.
"Mä wat kënnt der Iech net alles virstellen an enger Verwaltung?", huet de Jacques Santer gefrot. Ecouten op Lëtzebuerger hätten et a senger Zäit awer sécher keng ginn. An och keng politesch Spionage. Schrëftlech Rapporten vum SREL fir hien goufen et keng sot de Eiere-Staatsminister nach.
Datt de SREL déi Zäit e Personsalmangel gehat soll hunn, dovunner huet den Éierestaatsminister och näischt héieren.
De Jacques Santer huet awer och nach däitlech gesot, de Geheimdéngscht wier net seng Prioritéit gewiescht, hien wier mat der Kris an den 80er-Joer beschäftegt gewiescht. An op d’Fro, ob de Service oder Leit am Service gemat hätten, wat se wollten, huet hie geäntwert, et kéint een näischt ausschléissen; an natierlech hätte Polizisten a Gendarmen fir de SREL geschafft.
Déi "heile SREL-Welt" huet ë.a. dem Lucien Lux awer net gepasst - ma trotz Nofroe konnt de Jacques Santer net mat "Irregularitéiten" déngen ...
Déi ëffentlech Sitzung gouf no mol net enger Stonn, wéi d'Deputéiert keng Froe méi haten, mat dëse Schlusswierder vum Jacques Santer ofgeschloss, déi den allgemengen Tenor vun deem Mëtteg gutt erëm ginn: Transparenz an engem Geheimdéngscht wier schwiereg, well dat wier jo eng Contradictio in terminis, ma et misst no de Prinzipie vun der Rechtstaatlechkeet gehandelt ginn.
Datt d'Sitzung awer sou séier eriwwer wier, respektiv datt de fréiere Premier sou wéineg gewosst soll hunn, huet d'Deputéiert vun der Enquêtekommissioun dann awer iwwerrascht. De President Alex Bodry (LSAP), de François Bausch vun deene Gréngen an den DP-Deputéierte Claude Meisch si mat engem schlechte Gefill rauskomm ...
Als nächst wëll d'Enquêtekommissioun de procureur général Robert Biever héieren. Rendez-vous den nächsten Dënschdeg ëm 14, dann och nees mat Livestream a Liveticker op RTL.lu an op den RTL-Appen.
Duerno ass et un de fréieren Agenten Schneider a Kemmer.
D'Enquêtekommissioun wëll hir Aarbecht virun der Summervakanz ofschléissen, dat hat den Alex Bodry schonn um Donneschdeg gesot.
An der Affär Geheimdéngscht muss sech demnächst eise Redaktiounskolleg Nico Graf viru Geriicht veräntweren. Ausléiser ass een Artikel iwwert d'Affär, deen dës Woch op eisem Internetsite ze liese stoung. Dem Nico Graf gëtt virgeheit, an dësem Artikel den Numm vun engem Agent vum SREL mat Foto publizéiert ze hunn.