SREL: Enquête géint 3 russesch Oligarchen?

De Geheimdéngscht oder Leit vum Geheimdéngscht oder "free-lance" Agenten hunn, wéi et schéngt, géint russesch Oligarchen enquêtéiert.
Dat ergëtt sech aus der Lëscht vun Nimm, déi de SREL beim Parquet agereecht huet. De SREL-Chef Patrick Heck hat bei senger Auditioun den 11. Januar ugekënnegt, hie giff eng Lëscht mat Nimm vu Leit weiderginn, op déi illegal Ecoute gelaf sinn. Et ass eng kuerz Lescht, 5 Nimm stinn drop, 3 Lëtzebuerger an zwee – wéi soll ee soen – russesch Nimm: „Boris“, deen een, e Virnumm, wahrscheinlech e Spëtznumm an da nach e Familljennumm, dee mat L ufänkt.
Hannert béiden Nimm steet datselwecht: nämlech „Recherche dans le cadre du crime organisé“ an och nach „Prolifération“; et kéint een dat mat Mafia a Waffenhandel iwwersetzen. An da steet nach do, d'Nummere wieren am Joer 2007 zwar op Ecoute geschalt gewiescht, mä et wiere wuel keng Appellen erakomm.
An et freet ee sech wat se sollten, déi zwee Nimm, Boris an L. Eng Äntwert fënnt een eréischt wann een se mat enger anerer Informatioun verknäppt, där vun der leschter Woch aus der Zeitung Lëtzebuerger Land, datt de Vitaly Malkin am Optrag vum Wirtschaftsministère ausspionéiert ginn ass. Dee Vitaly Malkin ass net iergendeen: Businessman an Oligarch gëtt hien am Internet genannt, e Milliardär, Senator vun der sibirescher Baikal-Republik Buriatien. An de Kanada, heescht et, dierft hien net méi reese wéint Verdacht op Geldwäsch a Waffenhandel. Dee Mann also, hat eng Villa kaaft um Boulevard de la Pétrusse an déi ass no alle Regele vun der Spionage-Konscht ausspionéiert ginn vun engem Privatdetetektiv am Optrag a bezuelt vum Wirtschaftsministère. Huet de Jeannot Krecké dem Land confirméiert.
Wann een an den open sources vum Internet de Numm Malkin mam Virnumm Boris kombinéiert da stéisst een op simply de räichste Mann aus Georgien. Dee Boris an de Vitaly Malkin hunn zesummen all méiglech Geschäfter gemat, hunn och d'Bank Rossiysky Kredit gegrënnt. De Boris ass ee vun de bekannteste Politiker aus Georgien, huet eng Zäit laang am Frankräich gelieft – an d'Telefonsnummer, fir déi sech de SREL interesséiert huet, ass eng franséisch.
Iwwerdeems d'Telefonsnummer mam russesche Familljennumm L. eng britesch ass. De Numm L. féiert een bei en aneren Oligarch – dee fréier fir de KGB geschafft huet, hien war an der Duma, huet an England 4 Zeitunge kaaft, ass e Konscht-Spezialist a neierdéngs gëllt hien als oligarche-kritesch.
Am Resumé: 3 megaräich Oligarchen aus der Jeltzin-Ära, fir déi sech de Lëtzebuerger Geheimdéngscht interesséiert huet, am meeschten wuel fir de Vitaly Malkin. Wann et dann de Geheimdéngscht war a net iergendwellech électrons libres oder sous-traitants.
Et sief net verstoppt, datt ee bei der Recherche iwwer déi Oligarchen ganz séier dem Wuert Russe-Mafia begéint.