Robert Biever: Relatioun Parquet-SREL net ëmmer gutt

Et kënnt wuel net zu enger Geriichtsaffaire géint de Marco Mille, well deen de Premier mat enger Auer opgeholl hat. D’Affär ass dem Parquet no verjäert an d’Chambre du Conseil, déi dat lescht Wuert huet, krut déi Recommandatioun mat op de Wee. Si soll nach des Woch decidéieren. Alles dat gouf ee vum Procureur Général an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gewuer. / © Max Theis / RTL
Um Dënschdeg gouf de Procureur général vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gehéiert. D'Enquête iwwert de Fall Mille-Juncker ass ofgeschloss.
An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gouf en Dënschdeg vun 14 Auer un de Procureur général Robert Biever als Zeie gehéiert. Knapp 2 Stonnen huet déi ëffentlech Sëtzung an der Chamber-Plenière gedauert; eng Iwwerdroung vu ChamberTV war assuréiert, awer just am Toun, net am Bild. Den Zeien hat vu sengem Recht Gebrauch gemaach, keng Livebiller zouzeloossen.
Virop sot de Procureur général, dass d’Instructioun ofgeschloss ass, wat d’Opnam vum Marco Mille ugeet, deen de Staatsminister heemlech opgeholl hat.
D’Chambre du Conseil muss sech elo mat der Fro befaassen, ob dës Affär verjäert ass an ob se an d’Sëtzung ka geschéckt ginn oder net.
Datt d'Affär vum Gespréich tëscht dem Premier an dem fréieren Direkter vum Geheimdéngscht, wat opgeholl gouf, verjäert ass, där Meenung ass jiddefalls de Parquet. D’Instructioun ass ofgeschloss an de Parquet huet e Méindeg ee Requisitioire un d’Chambre du Conseil gemaach, fir d’Verjärung festzestellen.
Konkret géif dat heeschen, dass et net zu enger Geriichtsaffär kënnt an dass d’Enquêtekommissioun sech « en long et en large » mat där Opnam ka beschäftegen. Bis ewell huet jo do net dierfen driwwer geschwat ginn, fir der Justiz net an d’Féiss ze kommen.
D’Kontrollkommissioun vum Geheimdéngscht gouf jo 2009 vum Premier iwwert des Opnam informéiert. Wann de Premier deemools och d’Justiz ageschalt hätt, da wier et nach net verjäert gewiescht, sot de Robert Biever op eng Fro vum DP-Deputéierte Xavier Bettel.
Wat eventuell illegal Ecoutten ugeet ass d’Enquête iwwerdeems nach am Gang.
De Procureur ass och op d’Relatiounen tëscht der Justiz an dem Geheimdéngscht agaang. Déi wieren net zum Allerbeschte gewiescht an et ass Rieds gaang vu penibelen Incidenten.
D’Relatiounen tëschent dem Geheimdéngscht SREL an dem Parquet waren an de 90er-Joren also sporadesch a komplizéiert. D’Justiz hätt 2 Mol misse mat Perquisitiounen operéieren, fir un Informatiounen ze kommen.
No 2004 wieren d’Relatiounen awer besser ginn och wann ee just ee bis zweemol d’Joer mateneen ze dinn hat.
Wat eng Kontroll vum Geheimdéngscht ugeet, sot de Robert Biever, et wier wichteg, datt et eng géif ginn an dat wier och am Interêt vum Geheimdéngscht selwer, fir vun sengem schlechten, nebulösen Image ewechzekommen.
An et wier och gutt, wann de Reglement grand-ducal, deen Gesetz vun 2004 virgesäit, no iwwer 9 Joer endlech kéim - a Kloerheet géif bréngen.
SREL-Fichieren
Fir déi Leit, déi wësse wëllen, ob si vum SREL fichéiert gi sinn, gouf et niewebäi déi gutt Noriicht, dass déi zoustänneg Kontrollinstanz zanter e Méindeg Accès an d’Archiv huet. Bis ewell hat de Geheimdéngscht deen Accès refuséiert.
"Vill Leit ginn awer enttäuscht, well se manifestement net fichéiert goufen!" Dat sot de Robert Biever och nach an der Kommissioun - mat enger Ironie, déi net z'iwwerhéiere war.
Nächste Rendez-vous
Weider mat hirer Aarbecht fiert d'Enquêtekommissioun dëse Freideg ëm 9 Auer, wou dann een éischte fréiere Mataarbechter vum Geheimdéngscht gehéiert gëtt.
Een zweeten ass dann dënschdes no der Fuesvakanz drun.
De Robert Biever sot och nach, et wier eng komesch Geschicht, datt e fréiere Member vum SREL mat sengem Wëssen a senge Kontakter eng privat Sécherheetsfirma opgemaach hätt. Dat war e Commentaire zum fréiere Beamten Fränk Schneider, deen e Freideg iwwer seng Entreprise Sandstone an der Kommissioun gehéiert gëtt ...
De Procureur huet och erzielt, dass dee Mann beim him Rendez-vous gefrot hat. Fir Äddi ze soen! De Procureur weess bis haut net, wat dat Gespréich sollt.
Kommissioun am SREL
E Méindeg hat d'Kontrollkommissioun vum Service de renseignement iwwerdeems op en Neits Rendezvous beim Geheimdéngscht. D'Deputéiert hunn de SREL e Méindeg domatter chargéiert, eng Recherche iwwert d'Auslandsreesen ze maachen, iwwert déi di lescht Woch vill geschwat ginn ass, zum Beispill iwwert déi an den Nordirak.
Enn dës Mounts wëll d'Kontrollkommissioun mat der Direktioun iwwert eng Reform vum SREL schwätzen, déi de Premier Jean-Claude Juncker a senger Auditioun an der Chamber an Aussiicht gestallt hat.