SREL-Affär: Perquisitioune bei F. Schneider a Sandstone

Wéi mir gewuer gi sinn, gouf et Perquisitiounen, an zwar der zwou: nämlech beim fréieren 2. Mann aus dem Geheimdéngscht a senger Entreprise.
Also beim Fränk Schneider a bei deem senger Entreprise Sandstone, enger privater Sécherheetsfirma, déi de Fränk Schneider 2008 gegrënnt huet. Den Hannergrond vun de Perquisitiounen ass déi faméis kryptéiert CD, wou de Grand-Duc Henri an de Premier Jean-Claude Juncker iwwer d’Affaire Bommeleeër schwätze sollen.
Et gouf eng Rumeur, de Fränk Schneider hätt déi CD aus dem SREL materausgeholl. De Fränk Schneider seet um Freideg an der Enquête-Commissioun vun der Chamber aus.
(Livestream a Liveticker op RTL.lu vun 9 Auer un)
Den haut 42 Joer ale Fränk Schneider war Chef d'opération am Geheimdéngscht, deen hien am Summer 2008 verlooss huet, fir seng privat Sécherheetsentreprise opzebauen.
De Premier Jean-Claude Juncker hat sech bei senger Auditioun driwwer gewonnert, wat een alles kéint aus dem Geheimdéngscht mat eraus an de private Beräich huelen; dat misst an Zukunft anescht geregelt ginn.