Enquêtekommissioun: Juncker-Maulef am SREL placéiert?

© Dany Rasqué
Vun 9 bis 12.15 huet de Fränk Schneider op d'Froe vun der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht geäntwert.
Am Ufank vun der Auditioun huet de fréieren Adjoint vum Marco Mille fir d'éischt explizéiert wéi hie bei de Geheimdéngscht koum. Hie gouf de 6. Mäerz 2000 agestallt an huet präziséiert, datt de Geheimdéngscht zu där Zäit eppes wéi e Musée war. Hien an de Marco Mille, mä och de Charel Hoffmann, hätten dunn decidéiert fir eppes aus dem SREL ze maachen.
E puer Méint dono wär et zu éischte Kontakter no bausse komm, an dee Moment wär den Terme "Patrimoine économique" gefall. Doropshi wäre Kontakter mam Wirtschaftsministère geknäppt ginn, déi awer an enger éischter Phas iwwerflächlech gewiescht wären. Mam 11. September hätt awer alles geännert, sou de Chef vun der Sécherheetsentreprise Sandstone.
Op d’Bemierkung vum gréngen Deputéierte François Bausch, dass virun 2004 am Gesetz näischt doriwwer stoung, huet de Fränk Schneider geäntwert, datt an dem Sënn awer deemools eng Demande gemaach gouf an, datt en och eng schrëftlech Autorisatioun fir an déi Richtung ze schaffe kritt hätt.
De President Alex Bodry sot doropshin, seng Kommissioun wéilt d’Piècen dozou kréien. Dem Fränk Schneider no wär et am Zesummenhank mam, fir Lëtzebuerg wichtege Wirtschaftssecteur, wuel net zu Ecoutë komm.
De Fränk Schneider sot, dass am Kontext vun der Diskussioun iwwer en eventuellt Amësche vum Geheimdéngscht an d’Strategie vun der Cargolux immens vill géif vermëscht ginn. Fir de Fränk Schneider war d’Fluchgesellschaft keng Cibel vum SREL.
D’Cargolux hätt awer eng Responsabilitéit, wa se a geféierlech Zone vun der Welt flitt. De Fränk Schneider huet donieft zouginn, dass hien als Chef vun der Sécherheetsentreprise Sandstone fir en amerikaneschen Interessent un de fréiere Swissair-Aktie vun der Cargolux geschafft huet.
Da gouf an der Sitzung och nach bekannt, datt de SREL nom 11. September och zu Lëtzebuerg gekuckt huet, ob et sougenannte Schléifer géif ginn an datt dowéinst mat alle Mëttel am moslemesche Milieu enquêtéiert gouf.
Eng vun de Froen, déi Deputéiert him gestallt hunn, war firwat hien iwwerhaapt beim Geheimdéngscht fortgaang ass. An do huet de Fränk Schneider ënnerstrach, datt hie dat aus fräie Stécker gemeet huet, well hien a sengem Liewen nach wollt eppes anescht maachen an zu kengem Ament ënner Drock gesat gouf oder un d'Häerz geluecht krut, de SREL ze verloossen. Seng Demissioun hätt näischt mat der Auerenaffär ze dinn.
De Fränk Schneider huet fir d'éischt gesot hien hätt während senger Aarbecht näischt mam Staatsminister ze di gehat, hien huet bësse méi spéit awer zouginn, datt hien och alt mol a Reunioune mam Premier dobäi war an datt et do eng gouf an där et nawell gerabbelt huet. Et goung ëm déi kryptéiert CD. Déi CD also, wéinst där et elo och Perquisitioune beim Fränk Schneider goufen.
Beim Geheimdéngscht hunn dann awer och Leit geschafft, déi a kenger Equipe integréiert waren, mä déi op eege Fauscht solle geschafft hunn. Riets ass hei vum Här Mandé. Den Här Mandé gouf vum Staatsminister proposéiert, a wann sou eng Propositioun géif kommen, da géif een déi net a Fro stellen, sou den Här Schneider. Den Här Mandé huet ënnert dem Fränk Schneider geschafft, deen hat him awer net wierklech eppes ze soen. Hien huet gemaach wat e wëll, sou de Schneider, e war en "électron libre". Am Geheimdéngscht ass éiweg d'Gerücht ronderëm gaang, de Mandé wier dem Juncker säin Informant am SREL. Beweiser dofir ginn et awer keng. De Mandé war viru senger Zäit beim SREL dem Jean-Claude Juncker säi Chauffer. Et gouf och nach eng zweet Persoun, déi en ähnleche Status innerhalb vum SREL hat. Den Numm vun där Persoun gouf awer net genannt.
Dono huet hien eng privat Sécherheetsfirma opgemaach a verschidden Deputéiert, dorënner de François Bausch, si skandaliséiert iwwert d'Manéier wéi de Fränk Schneider seng Firma opgebaut huet. Datt et méi streng Regele fir d'Beamten aus dem SREL musse ginn, dat hunn d'Deputéiert och no der Auditioun am Interview ënnerstrach. Et wär e Code de déontologie néideg, fir z.B. de Wiessel vum Stat an d'Privatwirtschaft ze begleeden.
Dem François Bausch seng Reaktioun no der Auditioun op Twitter war zimlech däitlech: Conclusioun vun haut: ech sin erschüttert.
Iwwer 3 Stonnen hunn d’Deputéiert Froe gestallt, an d’Politiker waren dono zum Deel erstaunt an erféiert. Wéi de Claude Meisch z.B. iwwert de Fonctionnement vum Geheimdéngscht. Den DP-Politiker huet et och gewonnert, dass wuel mat der aktiver Hëllef vum Wirtschaftsministère probéiert gouf.
Och fir den Alex Bodry ass kloer, dass de SREL net sou fonctionnéiert huet, wéi et hätt missen, wéi zum Beispill d'Astelle vun engem électron libre an engem Norechtendéngscht. Wann ee sech d’Fro stellt no der Daseinsberechtegung vum Geheimdéngscht oder ob seng Aktivitéite sollte geoutsourced ginn, muss ee fir den LSAP-Deputéierte kucken, ween d’Ulafstell wär fir Informatiounen aus dem Ausland, dat heescht déi klassesch Variant oder eng nei Eenheet, eng Zort Lëtzebuerger Korrespondent an engem Netzwierk
De François Bausch dann huet ervirgehuewen, dass den Zeien éierlech, hie selwer awer erféiert war, och wat Insiderwëssen ugeet. Et wär haut däitlech ginn, dass et am SREL verschidde Clane gouf, Leit fir sech geschafft hunn an deen een net wosst, wat deen anere maache géif. Et misst ee bei Null ufänken. Wann ee wéisst, dass de Fränk Schneider vun 2005 un d’Iddi gehat hätt, fir eng eege Firma opzebauen, versteet de gringe Politiker net, firwat am Wirtschaftsministère net reagéiert gouf.