D'Lauschterattack vum SREL-Chef Marco Mille op de Premier Jean-Claude Juncker mat enger Spionage-Auer ass juristesch verjäert.

Dat krut d'Enquête-Kommissioun Geheimdéngscht elo offiziell vum Parquet matgedeelt.

Wa juristesch also d'Prescriptioun gëllt, da bedeit dat awer net, datt iwwer déi Ecoute net ka geschwat ginn, au Contraire: En Dënschdeg kann dës Ecoute elo Sujet sinn an der Enquête-Kommissioun, wou jo de fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer gehéiert gëtt. Dem André Kemmer seng Roll an der Affär Spionage-Auer kann also thematiséiert ginn.

Den André Kemmer wollt en Dënschdeg à huis-clos gehéiert ginn. D'Enquête-Kommissioun spillt do awer net mat: d'Auditioun fänkt wéi gewinnt ëffentlech un, à la rigueur kéint et zu engem gewëssen Ament hannert zouenen Diere weidergoen, mä op kee Fall vun Ufank un.

Parquet: D'Affär Spionage-Auer ass juristesch verjäert
D'Lauschterattack vum SREL-Chef Marco Mille op de Premier Jean-Claude Juncker mat enger Spionage-Auer ass juristesch verjäert.