Vun den 90 Zeie sinn der 60 vum Parquet an 30 vun der Defense geruff. Weider geruff si 4 Experten, 3 vum BKA (Bundeskriminalamt), 1 vun der Poudrerie.

Ënnert den Zeie sinn och 4 Enquêteuren, déi d'Affär Revue passéiere loossen. Op déi geruffen Zeien, dorënner Membere vun de groussherzoglecher Famill, all kommen, ass net gewosst.
Accreditéiert sinn 19 verschidde Lëtzebuerger Redaktiounen, mat 59 Journalisten, 5 Fotografen an 2 Zeechner. Zum Verglach: Beim Luxair-Prozess waren 19 national a 14 auslännesch Redaktiounen ugemellt.

De Prozess ass a priori op Lëtzebuergesch.

Intern an der Cité judiciaire gëtt de Prozess aus dem grousse Sëtzungssall an d'Salle BC 1.38 iwwerdroen, ma d'Biller ginn net archivéiert.

Am Sëtzungssall si 50 Plaze fir de Public an 22 fir d'Journalisten. Dobäi kommen nach weider Plazen am Retransmissiounssall.

De Prozess fänkt e Méindeg un an ass op 12 Wochen ugesat, vu méindes bis donneschdes vu 15 bis 18 Auer. Sollt dat net duergoen, gëtt verlängert.

De Prozess virun der 9. Chambre criminelle gëtt presidéiert vun der Riichterin Sylvie Conter, Procureur ass de Georges Oswald.

Keng Verjärung

Vun e Méindeg un dräi Méint laang soll de Prozess géint zwee fréier Memberen aus der Brigade mobile vun der Gendarmerie lafen. Hinne ginn eng 20 Bommen-Attentater an Tentative d’assassinat an Tentative de meurtre reprochéiert.

Eng Verjärung vun den Doten, déi den zwee fréiere Gendaarme vun der Brigade mobile Marc Scheer a Jos Wilmes virgehäit ginn, ass net méiglech, well ëmmer erëm um Dossier geschafft ginn ass; et leeft awer och eng Disjonctioun, d.h. et gëtt nach géint aner Leit enquêtéiert. En Zeien hat jo an der Péitruss 4 verdächteg Gestalte gesinn, déi d’Bomm an de Kasematte geluecht haten.

AUDIO: Keng Verjärung am Bommeleeër-Prozess: Jeannot Nies

Um Ufank vum Prozess dierften iwwregens 4 Enquêteure vun der Police den Historique vun der Attentatsserie maachen, huet et de Méindeg de Mëtten nach op enger Pressekonferenz am Geriicht geheescht.

Bommeléer-Prozess: 90 Zeien gi geruff
De Prozess dauert op mannst 3 Méint, d'Urteeler si fréitstens am Hierscht.