An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gouf um Dënschdeg de Mëtteg de fréiere Beamte vum SREL André Kemmer als Zeie gehéiert.

An der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht gouf den André Kemmer vu 14 Auer un als Zeie gehéiert. Hie war vum Geheimdéngscht bei de Wirtschaftsministère gewiesselt.

D'Auditioun war entgéint dem Wonsch vum André Kemmer och ëffentlech, si gouf awer just am Toun vu ChamberTV iwwerdroen, net am Bild. Vum deem Recht hate jo och ewell den Zeie Marco Mille an de Procureur général Robert Biever Gebrauch gemaach. Entgéint den Erwaardunge gouf kee huis-clos gesprach.

Den André Kemmer huet virop seng Carrière skizzéiert. En ass dobäi och op d'Missiounen agaangen, am SREL an am Wirtschaftsministère, an deen hie gewiesselt ass - mat der Missioun, Renseignementer am economesche Beräich ze liwweren.

Den André Kemmer sot den Deputéierten, e wier och vu sengem fréieren Aarbechtskolleg Fränk Schneider gefrot ginn, fir an d'Firma Sandstone mat eranzeklammen. En hätt sech awer an der Schlussphas anescht decidéiert. Esou vill Joer an der Fonction publique kinnt een net einfach vergiessen ... De Projet Sandstone wier awer carrément am SREL presentéiert ginn.

AUDIO: Enquêtekommissioun: Den André Kemmer iwwert 'Sandstone'

An der Kommissioun ass och iwwert d’Gespréich geschwat ginn, wat de fréiere Chef vum Geheimdéngscht Marco Mille mam Premier hat a wat opgeholl gouf. D'Deputéiert vun der Enquêtekommissioun konnten nämlech dem fréiere SREL-Member och Froen iwwert d'Lauschterattack vum Marco Mille op de Premier Jean-Claude Juncker stellen, well de Parquet e Méindeg der Enquêtekommissioun matgedeelt huet, datt dës Affaire juristesch verjäert ass.

Den André Kemmer huet sengem fréieren Direkter d’Auer ginn, fir opzehuelen, an dat mat deenen néidegen Erklärungen. Hien huet de Marco Mille souguer selwer an de Staatsministère gefouert.

AUDIO: Enquêtekommissioun: Den André Kemmer iwwert d'Auer

Am Geheimdéngscht si Kopië vun där CD mat der Opnam vum Gespréich Mille-Juncker zirkuléiert, an no e puer Méint huet den André Kemmer sech an der Flicht gesinn, de Premier z'informéieren. Den André Kemmer huet gefaart, et kéint an d’Ëffentlechkeet kommen, ouni dass de Premier iwwerhaapt am Bild wier.

D’Wëssen iwwer dat angeblech enregistréiert Gespréich iwwer d’Affaire Bommeleeër tëschent dem Grand-Duc an dem Premier hat am Geheimdéngscht fir e grousse Malaise gesuergt. Dat sot an der Enquête-Kommissioun de fréiere SREL-Mataarbechter André Kemmer.

Deen huet weider zouginn, déi ominéis kryptéiert CD wier iwwer hien an de Geheimdéngscht komm, an zwar iwwer den Tountechniker M ...

AUDIO: Enquêtekommissioun: Den André Kemmer iwwert den Här M

Den André Kemmer sot weider, hie wier och beim éischte Gespréich iwwer déi CD beim Premier derbäi gewiescht, e Gespréich, dat net gutt verlaf wier.

De Komissiounspresident Alex Bodry sot herno, et misste vläit Zeien nach eng Kéier gehéiert ginn ...

AUDIO: Enquêtekommissioun: Reaktioun Bodry op Auditioun Kemmer

Soss war nach gewuer ze ginn, datt et ganz reell Menacen aus Nordafrika zu Lëtzebuerg gouf, déi och zu Verhaftungen an héije Prisongsstrofe gefouert hätten, an datt déi auslännesch Geheimdéngschter ganz aktiv zu Lëtzebuerg sinn, och am Beräich Wirtschaft an och dacks politesch motivéiert.

Enquêtekommissioun SREL: Auditioun André Kemmer
Enquêtekommissioun SREL: Auditioun André Kemmer.