Am Kontext vun der Bommeleeër-Affaire erlieft d'Theorie vum "Stay Behind" een onerwaarte Revival. Aussoe vun engem Zeien.

Lëtzebuerger Zaldoten hunn an den 80er Joer dat trainéiert, wat d'Bommeleeër zerguttst gemat hunn – an et stellt sech d'Fro, ob d'Bommeleeër militäresch forméiert waren. Dat sot e fréieren Ënneroffizéier aus der Arméi eise Reporter Nico Graf a Marc Thoma. Et ass d'stay behind-Theorie, déi en onerwaarte Revival kritt ...

Et ass haut guer net esou einfach, sech an d'Denkscheme vum Kale Krich eranzefillen. Eng Suppositioun war z.Bsp. dës: D'Russe sinn an Europa vill méi stark wéi d'Nato, si attackéieren a marschéieren een Zock duerch bis un den Atlantik. A wann d'Russen dann iwwerall an eise Géigende sinn, da muss eng Resistance géingt si organiséiert ginn – déi ass preparéiert ginn a se krut dee richtege Numm „stay behind“, déi di hannen drun sinn, also hannert de Russen an do de Widderstand géngt de Rouden Ennemi preparéieren, organiséieren, clandestin Kommunikatiouns-Reseauen opbauen. An eben och Sabotage maachen, fir d'Russen, déi do sinn, ze stéieren.

All dat huet missen trainéiert ginn.

Mä wéi? Ma jo esou: Et huet een einfach ugeholl, datt d'Forces de l'ordre – Nato, Arméi, Police Gendarmerie, SREL – datt déi reell existent Forces de l'ordre, datt déi d'Russe sinn. An dann trainéiert een a Manövere géingt déi.

Eriwwer bei d'Bommeleeër.

RTL

"Wat déi gemat hunn, dat hunn ech dacks gemat", sot eis e Mann, deen anonym bleiwe wëll. Hie war Ënneroffizéier an der Arméi an huet an den 80er-Joer trainéiert - Bommen ze leeën. An der Nato, an der Arméi, a speziellem Kommandotraining. Fir d'éischt emol mat Fransousen an Hollänner. Grad mat den Hollänner ass trainéiert ginn, mat Sabotage-Actiounen déi bestehend Verhältnisser ze destabiliséieren, an dat ass am beschte mat terroristesche Mëttele gaang. Seet hien. Mat Equippe vun 10 Leit geet een an e Gebitt eran, sicht sech Alliéierter an der Zivilbevölkerung an zerstéiert dann eben dat, wat een sech virgeholl huet, dat heescht Bommen op Pylônen, Brécken, Tunnelen, Funkmasten, Waasserbasengen. Natierlech keng richteg Bommen, et kann ee Plastilin op d'Zieler pechen oder et kann ee rout Punkten op d'Cibele pechen. An herno ginn d'Manöveren evaluéiert – a jiddwer roude Punkt, deen do sëtzt, wou e soll, bedeit e gudde Punkt fir d'Resistance.

Héichpunkt vun deem Kommandotraining war fir eisen Zaldot eng ganz komplex Aktioun: Hien a seng Leit sinn a Schottland forméiert ginn, sinn du op London gefuer, se haten d'Uniformen ënner hire Kleeder un. A vu London aus sinn se ënner dem Radar erduerch op Lëtzebuerg geflunn, sinn aus nëmmen 200 Meter Héicht am Éislek mam Fallschierm erofgesprong an hunn hir Aktiounen duerchgezunn. Si hate Waffen a Sprengstoff mat, si mat 70 Kilo Ausrüstung aus dem Fliger gefall. A Begleedung vun amerikanesche "special forces" an engem sougenannten A-Team. D'Amerikaner an d'Englänner hu sech d'Lëtzebuerger, déi se gebrauche konnten, iwwregens aus der Delta-Compagnie um Härebierg erausgesicht.

Fir et däitlech ze soen: eisen Informant seet, Lëtzebuerger Zaldoten hunn (well se deen exzellent kannt hunn) op Lëtzebuerger Terrain trainéiert, militäresch wichteg Zieler ze attackéieren an ze zerstéieren. Ziler wéi déi vun de Bommeleeër, also d'Pylônen, d'Gasleitung zu Hollerech, d'Gendarmeries-Gebai, de Fluchleitsysteem um Findel. D'Parallele sinn evident an d'Konklusioun ass, d'Bommeleeër wiere militäresch forméiert gewiescht an hätte militäresch - also NATO-Ziler - attackéiert aus militäreschen, also NATO-Grënn. Well Eescht gemat ginn ass an net nëmme méi Manöver an Training.

Zu deeër Conclusioun kommen op alle Fall och déi zwee Affekoten, déi d'Defense vun den zwee als Bommeleeër ugeklote Gendarmen hunn.

AUDIO: Stay Behind: E Reportage vum Nico Graf
RTL

D'Lydie Lorang hëllt als bescht Beispill d'Attentat vum Findel. Et kéint ee jo soen, firwat hätte NATO-Leit den eegene Fluchhafen solle real attackéieren. Ma jo, d'Lëtzebuerger waren onsécher Kantonisten an et goung drëms, méi Sécherheet ze kréien ...

De Gaston Vogel seet et op seng Manéier a schwätzt iwwer d'Fro à qui profitait le crime?

stay behind – dat huet ee bis ewell gesinn als eeler Männer, déi doheem fir de Fall wou e Radio émetteur haten a soss e puer Resistance-Iddien géint de roduen Ennemy. Elo – mam témoignage vum Ënneroffizéier, dee vu sengem Bommeleeër-Training geschwat huet – elo muss een unhuelen, datt de "stay behind" en zolitte gutt organiséierte militäresche Volet hat.

Stay Behind: Reaktioune Vogel a Lorang.
Stay Behind: Reaktioune Vogel a Lorang.
Affär Bommeleeër: Neien Zeien
Am Virfeld vum Optakt vum Bommeleeërprozess e Méindeg 25. Februar.