Bommeleeër-Prozess: Maître Vogel wëll e verréckelen

No RTL-Reportagë mat Zeienaussoen iwwert "Stay Behind"-Trainingen: Maître Gaston Vogel wëll Bommeleeër-Prozess verréckelen - DP mécht "Question urgente".
D'Reportagë vu Radio an Télé Lëtzebuerg vum Mëttwoch iwwer en Ënneroffizéier, dee vu Sabotage-Training an der Arméi geschwat huet, kruten um Donneschdeg zwee Suivien.
D'Demokratesch Partei huet eng Question parlementaire urgente gestallt, wou se vum Premier a vum Arméiminister Präzisiounen an Opklärung iwwer esou Militär-Manövere wëll gewuer ginn.
De Maître Gaston Vogel da fuerdert an engem oppene Bréif un de Procureur Georges Oswald, de Bommeleeër-Prozess misst ausgesat ginn, fir datt déi nei Elementer evaluéiert kéinte ginn. De Volet "stay behind" wier am Dossier Bommeleeër sträflech negligéiert ginn; elo hätt en Ënneroffizéier d'Omertà gebrach an deem misst Rechnung gedroe ginn.
Reaktioun: Kee Commentaire
De Procureur Général Robert Biever huet en Donneschdeg op d’Demande vum Mâitre Gaston Vogel reagéiert ... de Parquet refuséiert den Ament all Commentaire an der Affär Bommeleeër.
Am Moiesjournal e Freideg, sot de President vun der Geheimdéngschtkontrollkommissioun François Bausch, datt déi nei Revelatiounen bei eis op der Antenn engem sécher ze denke ginn well se sech mat anere widderspriechen. Allerdéngs kéint sech d'Enquêtekommissioun net an de Bommeleeërdossier amëschen. D'Justiz misst hir Aarbecht maachen. De Rechtsstaat misst respektéiert ginn, sou den Deputéierten vun deene Gréngen. D'Chamber hätt d'Aufgab de politesche Volet ze traitéieren.
D'Enquêtekommissioun wëll iwwregens eng Rei Zeien nach emol héieren, dorënner de fréiere SREL-Chef Marco Mille, sou de François Bausch. Donieft bleiwen, senger Meenung no, och nach e Koup Froen iwwert d'Firma Sandstone.