Bommeleeër: Volet Prënz Jean ze fréi zou, bekloen Affekoten

D'Instruktioun am Dossier Bommeleeër ass voll mat Inkonsequenzen a Widderspréch, seet den Affekot vum Ugekloten Marc Scheer.
An der Haaptsaach geet et ëm d'Attentat um Findel ugangs November 1985. Do ware vill verdächteg Gestalten dorëmmer gesi ginn, mä d'Zeien, déi goufe wuel net richteg eescht geholl.
Ugefange mam Bob Schommer a senger Madame. E schmocke Kärel mat engem Jeep mat Munitiuonskëschten a Gekabels haten si gesinn, wéi se Stréi beim Findel erageholl hunn, e pur Deeg virum Attentat ...
D'Madame Schommer, déi e Krack méi prezis observéiert huet wéi hire Mann, déi ass vun den Enquêteuren ni gehéiert ginn an zesumme mat engem Zeechner huet de Bob Schommer e Portrait-robot gemaach, deen awer esou gemaach gouf, seet hien, datt en net deem entsprach huet, wat hie sot. An d'Wieder dann: D'Schommer-Leit hu gesot, et wier gutt Wieder gewierscht; dat krute se falsch gemat ...
Mam Maître Vogel dann eriwwer bei de sougenannte Juncker-Zeien, dee Mann, dee seet, hien hätt nuets virum Attentat de Prënz Jean gesinn. Dee Mann krut emol seng zäitlech Donnéeë ferm kritiséiert ...
Den Eugène Beffort hat eis an den Enquêteure jo och gesot, hien hätt Besuch kritt vun zwee Männer, déi hien intimidéiert hätten an e wier och verfollegt ginn ...
Op Grond vun der Ausso vum Eugène Beffort huet de Prënz Jean jo en Alibi gebraucht. Wat hien och krut, ausgestallt fir eng Juegd vun der Famill Giscard d'Estaing ...
Iwwerhaapt, soen d'Affekote vun den zwee ugeklote fréiere Gendarmen, wier de Spezial-Dossier Prënz Jean nëmmen à décharge a ni à charge an déi Enquête wier vill ze séier zougemaach ginn.
An da sief nach e Reportage e Freidegowend op RTL Télé Lëtzebuerg recommandéiert. Do spillt de Volet Prënz Jean eng Haaptroll.