Beim Optakt e Méindeg um Stater Geriicht hunn d'Affekoten "d'Nullitéit" gefuerdert. Santer, Juncker, Jean a Guillaume Nassau waren als Zeie present.

Ëm 15 Auer genee sinn déi 4 Riichter an dee bis op déi leschte Plaz besaten Audienzsall TL.1.10 an der Cité judiciaire komm. D'Leit sinn opgestanen a relativ séier huet de Maître Vogel d'Wuert ergraff ... op Franséisch. An dat fir d'Nullitéit vun de Prozeduren ze froen. Eng Äntwert dorop gouf et deen Ament awer net.

Dono huet d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter d'Identitéit vun den 2 Beschëllegte kontrolléiert ... op Lëtzebuergesch.

D'Häre Scheer a Wilmes sinn no vir gaangen, hunn ënnerstrach, datt se bei den Aussoen, déi se virum Untersuchungsriichter gemaach hunn, bleiwen a si hunn nach emol betount, datt si näischt mat der Bommeleeër-Affaire ze dinn hunn.

RTL

Déi 2 Ugekloten am Geriicht, kuerz virum Prozessoptakt.

Wéinst der héijer Zuel vun Zeien, 90 Stéck si gelueden, huet d'Geriicht decidéiert, déi alphabetesch opzeruffen - fir den Duercherneen esou kleng wéi méiglech ze halen. D'Zeie kréien och kee fixen Datum, wéini si gehéiert ginn, ma ginn - mat Zäiten - per Telefon informéiert, wéini si dann dru kommen. Dofir solle si och eng Nummer hannerloossen, ënner där si erreechbar sinn. D'Zeien dierften awer eréischt no Ouschteren dru kommen, well fir d'éischt sinn d'Enquêteuren un der Rei.

Fir den Defilé vun den Zeie war déi a 6 Gruppen opgedeelt ginn; virun der Barre huet een ë.a. d’Premiere Jean-Claude Juncker a Jacques Santer gesinn, d’Prënze Jean a Guillaume an de fréiere Chef vun der Bridage mobile, Ben Geiben. An deem Kontext huet d’Geriichtspresidentin och ugedeit, dass de Prozess iwwer Enn Mee kéint erausgoen.

D'Zeie sinn no an no an de Sall gelooss ginn, goufe mat hirem Numm opgeruff an nees "entlooss", kruten awer all nach eemol mat op de Wee, datt si de Prozess net direkt suivéieren dierfen, also weder am groussen Audienzsall bleiwen dierfen, nach an deem Sall, an deem de ganze Prozess an der Cité judiciaire iwwerdroe gëtt, ebe fir datt nach méi Leit (Public a Press) quasi live derbäi kënne sinn, toleréiert sinn. Déi Biller ginn iwwregens net enregistréiert, well et dofir keng gesetzlech Basis gëtt.

Ëmmer wann d'Dier vum Geriichtssall opgaangen ass, fir Leit eran- oder erauszeloossen, huet ee vill Stëmme vu baussen héieren: An de Couloire vum Geriicht war definitiv eng méi lass.

Maître Vogel geet direkt an d'Offensiv

Géint 15.45 Auer warn d'Zeien dunn duerch an de Maître Vogel huet d'Wuert ergraff. Et goung him nach emol ëm d'Nullitéit vun de Prozeduren. De Maître huet wäit ausgeholl, fir mat Vehemenz d'Nullitéit vun de Prozeduren ze froen, well - kuerz gesot - kee faire Prozess méiglech wier ... dofir kéint d'Defense net anescht, ewéi d'Nullitéit ze verlaangen - also quasi ze fuerderen, datt de Prozess annulléiert gëtt.

RTL

De Me Vogel bezeechent a senger fir hien esou typescher Aart a Weis de Prozess als déi gréisste Farce vun der Justiz, zanter datt et Lëtzebuerg als Land gëtt. Hie begrënnt säi Jugement mat verschwonnene Piècen. Dat wier e "scandale pur et simple".

Bei den Enquêtë wiere "fautes gravissimes" geschitt ... ënnert der Reponsabilitéit vum Parquet an elo géif dee Parquet Leit ukloen, déi all déi Uschëllegungen "avec indignation" refuséieren.

De Maître zitéiert ënnert anerem aus engem Bréif, aus deem ervir geet, datt Informatioune virenthale goufen. An dann hält en de Magistraten eng ganz Rëtsch vu Feeler virun Aen, déi senger Meenung no bei der Enquête geschitt sinn.

Dobäi geet et ëm Recherchen, déi net gemaach goufen, an ëm Piècen, déi aus wat fir engem Grond och ëmmer net méi do sinn. "Es gibt demnach keine Spur über den Verbleib dieser Asservate", liest en aus engem Schreiwes vir, fir ze weisen, wéi "schlampeg" geschafft gouf an datt och Beweismaterial vu besonnescher Bedeitung verschwonnen ass ...

Mam Geschäftsmann Théid Wormeringer, dee Famill ass mat engem Offizéier, deen och an d'Affäre Winter verwéckelt war, huet de Maître Vogel nach e weideren, neien Zeien genannt. Am Zeiestand soll hien den Numm vun engem vun de Bommeleeër dann och nennen.

Apparitioun vum SREL

A senge laangen Ausféierunge geet de Maître Vogel och op en direkte Lien vun der Bommeleeër-Affaire bei de Geheimdéngscht SREL an. Hien zitéiert Aussoe vun enger Persoun, déi behaapt, hir wier verséchert ginn, aus gudder Quell, datt en Här Schneider aus dem Geheimdéngscht bannent 2 Deeg a mat Hëllef vun engem "Reisswolf" alles zerstéiert hätt, wat bei dës Persoun an d'Bommeleeër-Affaire hätt kënne féieren. An den Här Schneider hätt dono de SREL verlooss, fir eng Firma ze grënnen ... Et geet ëm Sandstone, fir déi sech och d'Enquêtekommissioun an der Chamber interesséiert, esou den engagéierten Affekot.

No deem senger laanger Interventioun ginn et 10 Minutte Paus. Dat war géint 16h40. Ëm 17h ass d'Sitzung dunn awer nees weidergaangen.

RTL

Lorang no Vogel ... redundant

D'Affekotin vum Ugeklote Wilmes, d'Me Lydie Lorang, fänkt un a wëll genee wéi de Me Vogel beweisen, datt d'Rechter vun der Defense violéiert goufen, datt also kee faire Prozess méiglech ass: Wann een de Prozess net stoppt, da géif ee riskéieren, Onschëlleger ze sacrifiéieren!

D'Me Lorang geet nach eemol op d'Deficiencë vun der Enquête an, nennt Immixtiounen, iwwert déi sech d'Enquêteure selwer opgereegt hunn, weist drop hin, datt sech beschwéiert gouf, datt Superieur-hierarchiquen Informatiounen net weiderginn hunn an datt Piècen net richteg archivéiert goufen. An anere Wierder: Si widderhëlt a groussen Deeler d'Argumentatioun vum Me Vogel, verschidden Zitater sinn esouguer carrément identesch, wourop d'Haaptriichterin d'Affekotin och opmierksam mécht.

Déi behaapt awer, express an Deeler redundant ze sinn, fir datt sech verschidden "extrem wichteg Saachen" am Kapp incrustéieren ... D'Geriicht géing d'Saachen awer net anescht bewäerten, wann et se zweemol zerwéiert kritt, esou d'Replik vun der Vize-Presidentin Sylvie Conter am Resumé.

Nullitéit? Alles schonn eemol héieren!

An d'Affekotin vum Jos Wilmes huet weidergemaach - Credo: D'Rechter vun der Defense goufe leséiert! Konklusioun: D'Nullité de l'instruction oder de la procédure wier déi eenzeg logesch Konsequenz!

Nach eemol weist d'Sylvie Conter hin, datt een net alles widderhuele misst ... "Ne me privez pas de ce plaisir", esou d'Me Lorang iwwert dëse "Schlësselmoment" an huet sech net ginn: Bei esou villen Attentater wier dono net richteg recherchéiert an enquêtéiert ginn an elo, 29 Joer dono, sollen aus esou enger Aarbecht Beweiser gezu ginn, fir Leit responsabel fir Doten ze maachen, déi se net begaangen hunn ...

"Dat, wat d'Bommeleeër gemaach hunn, hu mir all Dag gemaach." Mat dësem Zitat huet sech d'Me Lorang op en Zeien, dee viru kuerzem opgedaucht ass a géintiwwer RTL gesot huet, datt d'Exercicen am Kontext "Stay Behind" un d'Bommeleeër erënneren, bezunn ... a si vermësst déi Aussoen am Dossier!

Géint 17.50 Auer freet d'Me Lorang eppes ze drénken ... a kuerz drop verléisst se d'Riedner-Pult ... Den Ugeklote Scheer wëll hir hëllefen ... Si schéngt e klenge Malaise ze hunn ... D'Geriicht proposéiert eng kuerz Paus vu 5 Minutten ...

RTL

"Irrecevabel", dofir Fräisproch, esou Me Lorang

17h59: Et geet weider. D'Me Lorang freet d'Erlaabnis, am Sëtzen dierfe mat hirem Discours weiderzefueren. Gefrot, accordéiert, gemaach: Déi Ugeklot misste fräi gesprach ginn! Wat hinnen zur Laascht geluecht gëtt, wier nämlech irrecevabel.

Kuerz no 18 Auer huet d'Affekotin hir Interventioun fäerdeg.

D'Geriicht mécht nach eng Enveloppe mat Zeienaussoen op, déi de Parquet virun der Audienz kritt hat, awer net fir dee war, a seet dann, datt et um Dënschdeg weidergeet.

Den 1. Prozessdag am Resumé

De Gros vum Nomëtten huet den Affekote vun den zwee Ugeklote gehéiert, déi zu prozedurale Froe Stellung geholl hunn. De Me Vogel an d’Me Lorang hunn ervirgestrach, dass d’Majoritéit vun de Beweisstécker verschwonne sinn an doduerch d’Rechter vun de Beschëllegte blesséiert goufen. Fir de Me Vogel goufen déi éierbar Persoune Scheer a Wilmes zerstéiert; den Affekot vum Marc Scheer huet souguer vun hirem zivilen Doud geschwat a vun der gréisster juristescher Farce zanter dem Bestoe vum Grand-Duché.

Béid Affekoten hunn dowéinst d’Nullitéit vun der Prozedur gefrot; deemno wären d’Poursuitte géint déi fréier Membere vun der Brigade mobile vun der Gendarmerie irrecevabel. D’Me Lorang huet donieft nach Zitater vum Me Vogel widderholl, fir dass se sech, wéi si sot, an d’Gediechtnes vun de Riichteren abrennen an déi dovun dreeme sollten. D’Sylvie Conter huet dorop geäntwert, dat wär de Fall.

RTL
Bommeleeër: Defense schéisst schaarf um 1. Prozessdag
Beim Optakt e Méindeg um Stater Geriicht hunn d'Affekoten "d'Nullitéit" gefuerdert. Santer, Juncker, Jean a Guillaume Nassau waren als Zeie present.
Haaptzeien waren do!
Prënzen Jean a Guillaume,de Staatsminister Jean-Claude Juncker an den Éierestaatsminister Jacques Santer waren de Mëtten als Zeien um Geriicht do.
Bommeleeër-Prozess: Groussen Undrang
Vill Leit wollte beim 1. Dag dobäi sinn

Chance op Opklärung 29 Joer no den Attentater?

Net grad 29 Joer nom éischten a knapp 27 Joer nom leschten Attentat vun där Bommeserie, déi Lëtzebuerg Mëtt der 80er-Joer an Otem gehalen huet, musse sech zanter de Méindeg de Mëtteg de Marc Scheer, 58 Joer, an de Jos Wilmes, 56 Joer, zwee fréier Gendaarmen aus der Brigade mobile, virun der Justiz dofir veräntweren.

Am Mäerz 2010 hat den deemolege Procureur d’État Robert Biever seng Ukloschrëft zum Prozess erausginn, deen de 25. Februar ugefaangen huet a bis Enn Mee dauere soll. Op den 131 Säiten dovu gouf sech ë.a. mat der Enquête iwwert déi 20 Attentater a mat der Fro beschäftegt, wie vun där Bommeserie profitéiert huet.

AUDIO: Bommeleeër: De Resumé vun der Affaire vum Nico Graf.
AUDIO: Bommeleeër: Déi markansten Aussoen (25/02/2013 - 07h30)

Am interessanteste waren awer d’Kapitelen iwwert d’Pist Gendarmerie an d’Auditioune vun den zwee Ugekloten ...

Zur Pist Gendarmerie:

Op der Säit 100 vu senger Ukloschrëft ass de Procureur général d’État vun haut formell: D’Auteuren oder Deeler dovu kommen aus de Reie vun der Force publique, a méi prezis aus der Gendarmerie. Enger Analys vum däitsche Bundeskriminalamt no wär de Manktem u Reformwëlle vum Gendarmerie-Kommandant Jean-Pierre Wagner trotz der Iwwerfuerderung vu sengem Corps als Verrot ugesi ginn.

De Robert Biever hält donieft fest, dass d’Brigade mobile mat Sprengstoff trainéiert huet, d’Auteure vun den Attentater hiert Wëssen dozou a Brochurë vum BKA fonnt hunn an d’Gendarmerie eben déi Brochurë kritt huet. Doriwwer eraus hätten ë.a. de Gendarmerie-Kommando, d’Sûreté an d’Brigade mobile déi wichteg Informatiounen zu den Attentater gehat.

Wat d’Membere vun där Brigade mobile ugeet, sou hätte si iwwer all nei Entwécklung an der Bommeleeër-Affär missen informéiert ginn. Si hätten d’kierperlech Viraussetzunge fir d’Dote gehat, konnten no den Attentater ganz séier um Verluerekascht sinn, wou si hir Büroen haten, a verschiddener vun hinnen hu sech mat Sprengstoff auskannt, iwwerdeems anerer Kniwweler waren.

Fir den deemolege Procureur d’État waren d’Leit aus der Brigade mobile iwwer laang Zäit onzefridden, soudass si bereet waren ze handelen. D’Brigade, déi 1979 geschafe gouf, hat mat der Zäit méi Moyene versprach kritt, gouf awer no an no zu enger Sécherheetsunitéit degradéiert. An deem Kontext hat den deemolege BMG-Kommandant Pierre Reuland 1985 e Rapport un de Gendarmerie-Chef Wagner geschéckt, an deem verlaangt gouf, d’Zuel vun de Membere vun der Brigade mobile vun 10 op ronn 30 eropzesetzen; sollt dat net geschéien, géif d’Unitéit verschwannen.

Zu den Auditioune vun den zwee Ugekloten:

Wat si erageridden huet, waren an der Haaptsaach Aussoe vum Marc Scheer am November 2006. Am Zesummenhank mat engem Eeërwecker, dee beim Attentat an de Kasematten zum Asaz koum, sot hien: “Mir hunn en einfach opgedréint, dohi geluecht a si gaangen”. An am Zesummenhank mam Attentat um Findel, wou en Zeien zwou Persoune gesinn hat: “D’Beschreiwung passt op de Wilmes a mech. Et ka sinn, dass mir do waren. Dat war de Jos an ech”.

Doriwwer eraus hätt de Marc Scheer am Kontext vun der Sprengfal um Findel där hiren Opbau genee erkläert an no dëser Auditioun engem Polizist gesot, hie misst sengem Kolleg Wilmes uruffen, fir dass dee sech fäerdeg maache kéint; ironesch hätt hien nach gefrot, ob si eng gemeinsam Zell kréichen. Dës belaaschtend Aussoe wollt de Marc Scheer weder korrigéieren nach sträichen, heescht et am Requisitoire.

Dogéint sot de Beschëllegten am Dezember 2006, dat wär him net opgefall, wéi hien de Rapport iwwert déi Auditioun iwwerlies hätt, mat der gemeinsamer Zell hätt hie wëllen e Witz maachen an iwwerhaapt Aussoe gemaach, déi fir ze laache gemengt waren. Wéi hien am November 2007 festgeholl gouf, huet hien nach emol erkläert, d’Aussoe wären e Witz gewiescht an hien hätt kee Wëssen, wat Sprengstoff ugeet.

De Jos Wilmes dann, deen als Kniwweler bezeechent gëtt, hätt sech kuerz virum Attentat zu Hollerech mat Kappwéi ofgemellt, hätt déi Zäit an deem Quartier gewunnt a v.a. fir Fester Iwwerraschungspäck gebastelt, an deene Knupperte waren. Dobäi wär deeselwechte Mechanismus gebraucht gi wéi z.B. beim Attentat zu Hollerech. Déi zwee Ugeklote wären och zur Zäit vun den Attentater weder an enger Vakanz, nach a Formatiounen oder krank an am Géigesaz zu deenen anere Polizisten a Gendaarme bei hiren Auditiounen nervös gewiescht, soudass et an den Ae vum Procureur d’État genuch Beweiser fir d’Schold vun den zwee Beschëllegte gouf.

Fazit:

Stellt de Volet Enquête a Richtung Gendarmerie eng vun de Stäerkte vun der Ukloschrëft duer, sou ass d’Beweislaascht géintiwwer den zwee Beschëllegten alles anescht wéi erdréckend. Déi nächst Woche solle Kloerheet bréngen iwwert d’Roll vun deenen engen a vläicht aneren.

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (25/02/2013 - 07h30)

D'Riichteren

D'Kompositioun vun der Chambre criminelle vum Tribunal d’arrondissement de et à Luxembourg an der Affaire Bommeleeër:

Sylvie CONTER, vice-président,
Paul VOUEL, premier juge,
Jean-Luc PUTZ, juge;

Magistrat supplémentaire:
Claudine DE LA HAMETTE, vice-président

Grousse Publikumsinteressi

Déi 50 Plaze fir de Public am Haaptsall, an deem d’Verhandlunge sinn, ware schonn um 14.10 Auer besat; am Niewesall dann, an deen d’Debaten iwwerdroe ginn, hat zu engem Moment iwwert d’Halschent vun de 70 Sëtzplaze e Preneur fonnt.

Grousse Succès och fir d'Buch iwwert d'Bommeleeër "Et war net keen" bei den Éditions Saint-Paul: Déi 3.000 gedréckten Exemplairë si quasi schonn un de Mann bruecht. An am Verlag denkt een ewell iwwert eng Reeditioun no.