Bommeleeër: Trotz Awänn vun Defense Prozess net ausgesat!

Déi 2 Ugeklote Scheer a Wilmes um 2. Prozessdag.
Um zweete Prozessdag war den Toun tëscht Parquet an Defense méi rau. D'Geriicht wëll d'Zeien awer héieren an d'Argumenter vun der Defense net vergiessen.
Fortsetzung um Dënschdeg mam Prozess vum Joer. Pénktlech ëm 15 huet den zweeten Dag vum Bommeleeërprozess ugefaangen. Ganz gemittlech, ma dat war net fir laang ...
Wéi d'Gericht an d'Salle d'audience komm ass, ware manner Leit do, fir nozelauschteren, an och manner Journalisten, fir matzeschreiwen, wéi um Dag virdrun. An anere Wierder: Et waren nach Plaze fräi! Déi 2 Beschëllegt Wilmes a Scheer waren deen Ament ewell eng gutt hallef Stonn am Audienzsall. Si haten an der éischter Rei Plaz geholl an hir Affekoten hunn een éischter optimisteschen Androck gemaach ...

Vill manner Intressi vum Public a vun der Press wéi nach um 1. Dag: Sou kann een den zweeten Dag vum Bommeleeër-Prozess resuméieren, wann een nëmmen dat extra-Juristescht kuckt. Dogéint gouf, wat de Vertrieder vum Parquet an d’Affekote vun de Beschëllegten ugeet, um Stater Geriicht eng gellech Partie Pingpong gespillt.
Um zweeten Dag vum Bommeleeërprozess huet de Parquet op déi prozedural Froe vun den Affekote vun den Ugeklote geäntwert. Déi hate jo um Méindeg allen zwee mat Vehemenz d'Nullitéit vun der Prozedur gefuerdert - ee juristesche "Moyen", fir de Prozess ze stoppen.
Jo, et si Piècë verschwonnen, mä nee, dat verhënnert kee Prozess. Esou kinnt een d'Replik vum Parquet op dës Fuerderung vun der Defense resüméieren. Well all déi verschwonne Stécker hätten net déi nämmlecht Valeur, wann et drëm geet, domatter d'Täter z'identifizéieren, esou de Procureur Georges Oswald. Natierlech wier et problematesch, datt Piècë feelen, dat aus diverse Grënn, ma d'Nullitéit wier déi falsch Konklusioun.
"Des éléments susceptibles de nous disculper"
Op dës Aschätzung hunn d'Affekote vun der Defense natierlech mat "Fureur" reagéiert. De Me Vogel ass mat Amenter ganz haart ginn, fir sech demonstrativ net d'accord ze weisen, sech ostensiblement opzereegen a fir senger Fuerderung Nodrock ze ginn:
Hien hätt nach ni a senger ganzer Carrière ee Procureur d'État gesinn, dee säi "propre truc" esou schaarf kritiséiert hätt. Den Affekot huet dobäi op d'Wierder vum Robert Biever ugespillt, deen e strenge Jugement doriwwer geäussert hat, wéi d'Enquête (am Ufank) gefouert gi war.
D'Me Lorang huet sech de Wierder vum Me Vogel ugeschloss. Et wier e Skandal, wann de Parquet géing behaapten, déi verschwonne Piècë wieren net wichteg, well an deene Piècen hätt een Elementer fanne kënnen, déi déi Ugekloten hätten entlaaschte kënnen ... an déi wieren onschëlleg! Dofir wier et eng Violatioun vun de Rechter vun der Verdeedegung, wann dëse Prozess géing weidergefouert ginn: Et hätt ee keen Zougang zu "des éléments susceptibles de nous disculper", well déi géinge feelen an dat wier net an der Rei! Dat wier "inadmissible".
Dës Vue huet de Procureur d'État - natierlech - net gedeelt an en huet invoquéiert, datt ee jo awer eng Gemeinsamkeet hätt an dat wier d'Wourecht ...
Dat mat der Gemeinsamkeet an datt de Prozess awer stattfanne kinnt, dat huet de Me Vogal awer ganz anescht gesinn an ass nach emol op 2 Aussoe vum Parquet zeréckkomm. Et wier absurd ze behaapten, datt ee jo awer Fotoe vun de Beweisstécker hätt an domat och Fangerofdréck an DNA-Material. An d'Defense hätt Zougang zum Dossier nëmmen an enger onzoumuttbarer Prekaritéit gehat. Et wier net méiglech gewiescht, uerdentlech ze schaffen.
De Parquet wollt dorop net äntweren a well dono weder d'Me Lorang, nach de Me Vogel nach eppes ze soen haten, huet d'Geriicht d'Sëtzung opgehuewen, fir déi kruzial Fro vun der Nullitéit ze tranchéieren ...
D'Ënnerbriechung war kuerz, ëm 16 Auer waren d'Riichter erëm do - de Prozess geet weider, d'Zeie gi gehéiert an d'Uerteel fält op Basis vum Dossier, wéi en ass. Mam Uerteel gëtt dann och d'Fro vun der Nullitéit, also ob d'Defense all hir Rechter hat, um Fong tranchéiert. D'Geriicht wëll elo mol op alle Fall d'Zeien héieren ...
Dono hunn d'Affekoten, als weidere "Moyen", d'Disjonctioun attackéiert. Déi beseet jo, datt d'Enquête während dem Prozess weiderlafe kann, well een dovun ausgeet, d'Täter nach net all ze hunn. D'Affekoten hunn och doran eng Violatioun vun de Rechter vun der Defense gesinn a viru kafkaeske Verhältnisser gewarnt: Et wier een net am Besëtz vun engem kompletten Dossier an dat wier "inadmissible". Et misst een den Dossier "in globo" kucke kënnen.
Eng Disjonction wier z.B. dann e Wee, wann et ëm e Grupp vun Täter geet, vun deenen der e puer geschwat hunn an anerer net oder nach net. Ma hei hätt een nach guer keen Täter, esou d'Me Lorang.
D'Affekote vun den Ugekloten hu gefuerdert, dass de Prozess sollt ausgesat ginn, soulaang eng weider Enquête am Gaange wär, sou wéi et aus engem Bréif vun Ufank Januar vum Procureur général d’État Robert Biever un de Chamberpresident Laurent Mosar géif ervir goen.
No den Ausféierunge vun der Defense huet d'Geriicht widderholl, datt een op Basis vum Dossier jugéiere géif, wéi e wier - ma dat wier net méiglech, well den Dossier net komplett wier an d'Geriicht net wësse kinnt, wat alles net dra wier, huet dunn d'Me Lorang geruff, wat d'Geriicht awer net iwwerzeegt huet ...
De Vertrieder vum Parquet huet dozou gemengt, dass sou eng Disjonctioun eng normal Prozedur wär a genuch Beweiser géint déi zwee Beschëllegt virléichen.
Nom Hiwäis, d'Enquête wier ni ënnerbrach ginn, also och nach net ofgeschloss, huet sech d'Geriicht kuerz no 16.30 Auer nees zeréckgezunn, fir ze kucken, wéi et weidergeet - d'Sëtzung war also nees fir eng Zäitchen opgehuewen, déi Kéier awer fir méi laang, well ëm 16.55 Auer waren d'Riichter nach ëmmer net zeréck.
Ëm 17 Auer war d'Geriicht nees do an huet gesot, datt de Prozess net ausgesat gëtt wéinst der Disjonctioun, wéi d'Defense dat gefuerdert hat. Et géif ee statuéieren op Basis vum Dossier, wéi en ass, an d'Argumenter vun der Defense wieren net verluer, sinn also am Dossier.
De Me Vogel sot an deem Kontext, et wär kloer ginn, dass an der Enquête déi zwee lescht Joer guer näischt geschitt wär ...
Well de Me Vogel dono eng Interventioun vu ronn annerhallef Stonn ugekënnegt huet, gouf déi op e Mëttwoch verréckelt an d'Partie-civillen hu sech nach constituéiert: de Stat mat enger Schuedenersatzfuerderung iwwer 1,23 Milliounen Euro, Creos mat 280.000 Euro a Saint-Paul Luxembourg mat 50.000 Euro. Si all ware jo Affer vun Attentater ginn, ma si waren net déi eenzeg ...
Géint 17.10 Auer war den zweete Prozessdag du gelaf.
Um Mëttwoch presentéiert d'Defense nach ee leschte "Moyen" (Eilantrag), fir de Prozess mat juristesche Mëttelen ze stoppen - dann dierft et ëm de Geheimdéngscht an d'Stay-Behind-Operatioune goen.
Zeréckzebehale bleift vum zweeten Dag nach d'Ausso vum Procureur Oswald, datt d'Enquête zwar géing weiderlafen - Disjonction oblige -, ma et hätt ee keng nei Elementer an et hätt een och keen Untersuchungsriichter drop.
Iwwerflësseg ze soen, datt ee sech schonn nach nei Hiwäiser an der Bommeleeëraffaire vun den Zeien erwaart oder erhofft ... oder där awer fäert?