Ganzer 4 Stonne laang war d'Geheimdéngscht-Kontrollkommissioun vun der Chamber mat Vertrieder vum SREL a mam Staatsminister zesummen.

Et ass an der Haaptsaach ëm d'Reform vum SREL gaang. De Jean-Claude Juncker huet der Kommissioun ee Reformtext presentéiert, deen dem President vun där Kommissioun François Bausch no an déi richteg Richtung geet.

D'Kontroll vum Geheimdéngscht gëtt verstäerkt an d'Missioun vu sengen Agente genee definéiert, et soll net méi vir kommen, datt eenzelner schaffe wéi se wëllen, sot de François Bausch.

Detailer vun der Reform bleiwen ze klären, de juristesche Kader vum SREL soll esou präzis ewéi méiglech ginn, ouni datt deen Zerwiss awer seng Handlungsfäegkeet verléiert.

D'Zil ass et, déi Reform bis d'Summervakanz ënner Daach ze hunn.

SREL: Reform vleit nach virum Summer
Dem Premier sai Projet de loi geet an die richteg Richtung, seet de President vun der Kontrollkommissioun François Bausch.