Geheim Operatiounen, al Verdächteger an een anonyme Bréif: Um 3. Dag vum Prozess huet d'Defense de Gesamt-Kontext skizzéiert. Lo sinn d'Enquêteuren drun.

Déi als Bommeleeër ugeklote fréier Gendarmen aus der Brigade mobile Marc Scheer a Jos Wilmes soen, de Nato-Reseau "Stay behind" géif hannert de  d’Bommenattentater zu Lëtzebuerg stoen. Dat soten um Mëttwoch, dem drëtte Verhandlungsdag, hir Affekoten am Bommeleeër-Prozess.

De Maître Vogel sot, de Marc Scheer wéilt och an der Sëtzung net nëmme soen, "Stay behind" hätt d’Attentater ugestiwwelt: "E geet vill méi wäit, e seet, si waren et. Den Hoffmann [Ex-SREL-Chef] huet puer Lapsusse gemaach. 't war eng inoffiziell Struktur am Staat an déi Leit, déi geschafft hunn, waren Anonymer an déi u Merci gesot kritt fir eng ingrate Occupatioun an en Horror, dee se hu musse preparéieren - dat seet jo awer genuch. An dat, wat ass, an dat kritt jo kee Mënsch aus der Welt geschaf, mir sinn an der Matrisse historique richteg. Mir sinn an de Joren 1984-1985 an iwwerall an Europa geschéien Attentater ... da musst Dir mir awer erklären, firwat dat net elei zu Lëtzebuerg war, et sinn der jo 20 do. Dat ass jo d'Preuve, datt et och hei esou war."

AUDIO: Bommeleeërprozess, 3. Dag: Me Vogel iwwer "Stay Behind"

De Maître Vogel huet um Mëttwoch an engem Plädoyer vill weider Detailer iwwer "Stay behind Lëtzebuerg" ginn. E gewëssen Amerikaner mam Numm PEWETT wier an der amerikanescher Ambassade finanziell derfir responsabel gewiescht; dee Mann wier och e gudde Frënd vum verdächtege (verstuerwenen) Jos Steil a vum Ben Geiben gewiescht, dem fréiere Chef vun der Brigade mobile. Dee Ben Geiben wier och mam fréiere SREL-Chef Hoffmann am Petagon gewiescht. "Stay behind" hätt eng grouss Roll an de faméisen Ösling-Manövere gespillt, déi zäitlech ganz no bei de Bommen-Attentater leien.

D’Geriicht misst dës luguber Conspiratioun onbedéngt opdecken an et wier net ze verstoen, datt de stay behind bis ewelll an der Enquête keng Roll gespillt hätt. Och fréier Ënneroffizéier – ënner anerem een, dee Radio Lëtzebuerg an der Telé Informatioune ginn huet – missten am Prozess gehéiert ginn.

RTL

CHRONIK vum drëtte Prozessdag

Et ass keen Zoufall, datt d'Attentater vun de Bommeleeër an d'Geheimoperatioune vun der Nato mam Numm 'Stay behind' an déi nämmlecht Zäit falen. Esou de Me Vogel zum Optakt vum drëtte Prozessdag um Mëttwochnomëtteg kuerz no 15 Auer. "Nous avons eu notre Stay behind", huet den Affekot vun der Defense affirméiert an huet dono probéiert ze weisen, datt et e Lien gouf tëscht den Attentater an de geheimen Operatiounen - een ideologesche Lien, ma och personell Lienen.

Wéi um Dënschdeg ugekënnegt, huet d'Defense um Mëttwoch also nach ee leschte "Moyen" (Eilantrag) abruecht, fir de Prozess mat juristesche Mëttelen ze kippen. Well de Me Vogel Ugangs refuséiert huet, eng Kopie un d'Affekote vun de Partie-civillen ze ginn, hunn déi ripostéiert, bis si och d'Pabeier vun der Defense am Grapp haten - esou, wéi et Usus ass. Een iwwerflëssegt Geplänkel ...

Schwaarz Keesen, sinister Personnagen

Ëm esou méi interessant ass et dono ginn, Zitat aus dem Me Vogel sengem laange Virtrag iwwert d'Verwécklunge vun der Bommeserie mat de geheime Geheimdéngschtoperatiounen - um Dënschdeg hat e jo ewell ugekënnegt, während annerhallwer Stonn wëllen ze schwätzen:

Qui donc alimentait ces caisses? L'Ambassade américaine où était alors en fonction un sinistre personnage connu sous le nom de Pewett (head of european clandestine operation - tout un sinistre programme) et qui était grand ami de Geiben que de Hoffmann?

Wourëm goung et genee? D'Defense wollt e Complément d’enquête kréien iwwer eventuell Verflechtunge vum Geheimdéngscht an deem senger Geheimgesellschaft "Stay behind" mat de Bommenattentater. Déi Geheimarméi wier, wann net den Auteur, dann awer den Ustëfter vun den Attentater. D'Lëtzebuerger Arméi hätt sech an den 80er-Joren och an enger Rëtsch Nato-Manöveren engagéiert; deem Zeenario no sollte kleng Gruppen national Infrastrukturen zerstéieren. Am Fréijoer 1984 gouf et z.B. e Manöver mam Codenumm "Ösling" mat ë.a. Lëtzebuerger dobäi an amerikaneschen Helikopteren.

Anti-kommunistesche Kampf

Déi geheim Réseaue "Stay behind" goufen an de 50er-Jore gegrënnt, fir aktiv ze ginn, wann de sowjetesche Feind amarschéiere géif. De Premier Santer hätt 1990 d'Existenz vum Stay-behind-Réseau zu Lëtzebuerg zouginn - ënnert dem Kommando vum SREL a mat Zougrëff op schwaarz Keesen, déi vun der US-Ambassade gespeist goufen ... an ee Mann vun do - mam Numm Pewett - wier grousse Kolleg vum Ben Geiben, Chef vun der Brigade mobile, a vum Charel Hoffmann, Chef vum SREL, gewiescht ... An de Premier Santer hätt, esou den Affekot vun der Defense, d'Wourecht manifestement net gesot.

RTL

Den Ex-SREL-Chef Hoffmann bei senger rezenter Auditioun an der Enquêtekommissioun Geheimdéngscht ... Dem fréiere Geheimdingschtchef huet den Affekot Vogel eng 40-50 Froen ze stellen, an zu den Ex-Brigade-mobile-Membere Ben Geiben a Jos Steil huet hien och Froen opgeworf.

De Me Vogel huet déi dacks "ahurissantes" Aussoe vum Charles Hoffmann opgegraff: Dee fréiere Geheimdéngscht-Chef, deen also och fir "Stay behind" zoustänneg war, hätt ganz enk Kontakter zum CIA gehat - a "Stay behind" hätt ë.a. och d’Missioun gehat, fir Aktiounen duerchzeféieren, dorënner Sabotage-Akten. "Et kann natierlech sinn, dass e Grupp aus dem Ausland hei operéiert huet", huet de Me Vogel dunn de Charles Hoffmann zitéiert.

Stéck fir Stéck huet de Me Vogel, ausgehend vum internationale Kontext, een nationale Lien vun den Attentater zu de Stay-behind-Operatioune, déi ënnert der Egide vum SREL gelaf sinn, konstruéiert. Ganz geziilt huet d'Defense d'Personnagë Geiben a Steil (déi allebéi an der "Brigade mobile" waren) an de Mëttelpunkt vum Interessi geréckelt. De Ben Geiben war oder ass jo fir vill Leit nach ëmmer, wann net DEEN, esou dach EE vun den Haaptverdächtegen. An de Jos Steil ass jo entretemps verscheet.

RTL

Anonyme Bréif

Géint 16.15 Auer gouf d'Sëtzung fir 10 Minutten ënnerbrach. Ma kuerz virdrun huet de Me Vogel dem Geriicht nach een anonyme Bréif ginn, an deem et heescht, de fréieren Arméi-Chef Reinig hätt sengerzäit vum Härebierg 2 Classeure matgeholl - 2 Classeure mat Informatiounen iwwert d'Nato-Stay-behind-Operatioun "Ösling" am Joer 1985. Déi Classeure wieren zanterhier verschwonnen.

"Ca vaut, ce que ça vaut", esou de Maître.

No der Ënnerbriechung ass d'Me Lorang weidergefuer: Si ass ënnert anerem op d'Aussoe vun deem Zeien agaangen, engem fréieren Ënneroffizéier, deen anonym bleiwe wollt, ma op RTL ausgesot huet, datt d'Lëtzebuerger Zaldoten an den 1980er-Joren dat trainéiert hunn, wat d'Bommeleeër gemaach hunn ... "Esou Aussoe kann een net ignoréieren", esou d'Fuerderung vun der Defense un d'Geriicht.

D’Maître Lydie Lorang huet d’Geriicht encouragéiert an opgefuerdert, säi Pouvoir d’investigation an dëser Saach eescht ze huelen an ze gebrauchen.

Vogel: "Luguberst Conspiratioun"

De Me Vogel huet dono vun der Bommeleeër-Affaire als vun der luguberster Conspiratioun, déi Land kannt hätt, zanter datt et den Département des Forêts verlooss hätt, geschwat. An et wier e Bläimantel iwwert dee ganze Bierg vun Dreck geluecht ginn an duerch dee misst sech d'Defense ouni Hëllef, also ouni Enquêteur, wullen. Dobäi huet de Me Vogel souguer Parallele gesinn zum Stockholm-Syndrom, bei deem sech d'Affer mat den Täter solidariséieren - hei wier den État-Victime eng Symbios mat sengem Bourreau, also sengem Henker, agaangen.

De Procureur huet d'Necessitéit vun engem "Complément d’enquête" à ce stade net gesinn, dat wier net néideg fir de Prozess, an huet d'Geriicht opgefuerdert, déi Demanden ze refuséieren ...

... woumatter de Me Vogel an d'Me Lorang natierlech net d'accord waren, well et misst ee jo awer erausfannen, wien dann elo "Mataarbechter" vum SREL war a wien net.

Eng direkt Entscheedung huet d'Geriicht och déi Kéier net geholl, ma déi Point-de-vuë sinn elo am Dossier a kënnen also méi spéit nees aktuell ginn.

RTL

Jo zu Enregistrementer

Um Schluss vum drëtte Verhandlungsdag gouf dunn nach decidéiert, datt d'Auditioune vun den Zeien, wann déi domat d'accord sinn, opgezeechent ginn. Dës Audio-Enregistrementer sinn awer just fir en eventuellen Appelprozess geduecht. All concernéiert Parteie sote sech domatter d'accord.

Géint 17.15 Auer war den drëtten Dag du gelaf, vum Donneschdeg u ginn dann d'Enquêteure gehéiert. 4 sinn der jo als Zeie geruff.

Stay Behind = Bommelëer?
3.ten Prozessdag, Me. Vogel verlaangt wéider Enquêten iwwer eventuell Participatioun vun der Arméi un den Attentater
Wat wor 'Stay behind'?
Déi geheim Arméi gouf et och hei zu Lëtzebuerg. Vun 1959 bis 1990. Hunn hir Agenten eppes mat den Attentater ze dinn?