De Bommeleeër-Prozess ass en Donneschdeg am Nomëtteg esou richteg lancéiert gi mat der Auditioun vum 1. vun am Ganze 4 Enquêteure vun der Police.

Pénktlech um Donneschdeg ëm 15 Auer huet dee 4. Dag vum grousse Prozess ugefaangen - mam Optrëtt vun den Enquêteuren.

Um Mëttwoch war et jo nach ëm ee méigleche Lien tëscht der Geheimarméi "Stay Behind" an den Attentater gaangen. De Procureur huet awer keng Necessitéit gesinn, fir an deem Kontext eng komplementar Enquête opzemaachen. Méi spéit kinnt esou eng Decisioun awer nach geholl ginn ...

De Prozess goung also wéi geplangt weider an um Donneschdeg war d'Rei un den Enquêteure vun der Police. 4 sinn der jo am Ganzen als Zeie geruff a si wäerten zesummen de Kader vum Prozess setzen.

Dee Jéngsten als éischt

De Commissaire-en-chef Carlo Klein huet ugefaangen an huet d'Faiten opgezielt. Hie koum 1990 als jéngsten Enquêteur an d'Equipe vun de Leit, déi mat den Attentater chargéiert waren.

De Carlo Klein huet och Fotoe vun de Faite weise gelooss - quasi als "Pièces à l'appui".

Wat war gewosst iwwert d'Täter vun 1984? Datt se op mannst zu zwee waren.

An iwwert d'Täter vun den Déifställ an de Carrièren 1985? Datt déi op mannst zu dräi waren ... Et kéint awer nach eng 4. Persoun mat am Boot sëtzen, well beim Attentat bei de Kasematte 4 Leit gesi goufen.

Fro vum Me Vogel: Goufe Fangerofdréck bei den Abréch a an d'Carrièrë fonnt?

Äntwert vum Enquêteur Klein: Nee.

Wat d'Spuren ugeet, sot den Enquêteur aus: "Et goufen alt emol Spuren zerstéiert, well verschiddene Leit hiert Verhalen um respektiven Tatort net ëmmer adequat war."

De Me Vogel goung mat senge Froe ganz an den Detail, well et "fir seng Leit ëm alles geet".

Kuerz no 16 Auer gouf eng Paus ageluecht, géint 16.30 Auer ass d'Audienz nees weidergaangen - mat der Suite vun der Oplëschtung vun de Faiten.

De Polizist huet ë.a. nach betount, dass et zur Explosioun an engem Weekend-Haus zu Buerschent, am Abrëll 1985 - déi net Deel vum Prozess ass -, keng kriminaltechnesch Enquête gouf.

4ten Prozess Dag an der Affär Bommeleeer
Haut am Mettelpunkt dem Haapt-Enqueteur, deen wei keen aaneren iwwer dei eenzel Attentater Bescheed wees.
Prozess Bommeleeër : déi bescht Platze sinn séier fort.
Haut um éischten Dag wou en Enquêteur d'Attentater Revue passéiere gelooss huet, wor de grousse Sall ausgebucht. Fir de Prozess komme Jonk an Aal.