SREL-Enquête-Kommissioun: Meenungsaustausch um Freideg

D'parlamentaresch Enquêtëkommissioun Geheimdéngscht hat um Freideg e Meenungsaustausch iwwert d'Aarbechte vu bis elo.
Wéi de President Alex Bodry no där Sëtzung sot, si bis Enn Abrëll 8 weider Sëtzunge vun där Kommissioun virgesinn; dem LSAP-President no dierft dat awer net duergoen, fir en definitive Rapport opzestellen. Zu den nächsten Zeien, déi fir d'éischt oder nach emol vun der Kommissioun gehéiert ginn, sot de President, dat wieren de Patrick Heck, de Marco Mille, de Jean-Claude Knebeler an de Roger Mandé.
Fir déi Sëtzunge wëll d'Kommissioun iwwregens prinzipiell op de Huis clos zréckgräifen, sou den Alex Bodry, an dat fir méi präzis Aussoe vun den Zeien ze kréien.
Am meeschte gelies